De Wahlprogramm vun der ADR
“Éierlech, sozial, lëtzebuergesch” datt ass de Slogan vun der ADR an de roude Fuedem am 200 Säiten décke Programm dee gëschter Owend presentéiert ginn ass. Ee Programm, mat deem di Alternativ Demokratesch Reformpartei, d’Staatsfinanzen rëm an den Equiliber wëllt bréngen, a gläichzäiteg fir méi sozial Gerechtegkeet suergen.
Tabu sinn fir d’ADR Steiererhéijungen, och eng Erhéijung vun der TVA kéim net a Fro... par konter soll gespuert ginn mat onnëtzen Depensen, wéi de Militärfliger oder den Tram. Spuere kéint een och bei der Entwécklungshëllef, déi vun engem op 0,7% misst erofgesat ginn... dann ass d’ADR rëm fir den integralen Index, géint d’Wahlrecht fir Auslänner, géint de Cumul vu Mandater, fir de Reliounsunterrecht an de Schoulen, awer och fir d’Trennung vu Kierch a Staat.
De Bäitrag vum Françoise Medernach, de 4. Oktober am Moies-Panorama: