Ënner Drock De Sebastian Kurz gëtt weinst dem Impfsträit kritiséiert

Beim EU-Sommet deen haut usteet, soll notamment iwwer d'Verdeele vum Impfstoff an der EU diskutéiert ginn. Den Ustouss dozou hat viru bal zwou Wochen den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz ginn. Hien hat kritiséiert, datt d'Verdeele vum Impfstoff net nom Bevëlkerungsschlëssel geschitt. Nodeems sech an de vergaangenen zwou Wochen erausgestallt huet, datt vill vu senge Behaaptunge net ganz wouer, respektiv d'Verdeelungs-Mechanisme virdru bekannt waren, steet den éisträichesche Kanzler op EU-Niveau isoléiert do. An och am Land selwer steet hien ënner Drock.

Stephan Polet / cz

Sebastian Kurz
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Vun engem "Bazar", vun deem och hien just kierzlech matkritt hätt, huet de Sebastian Kurz virun zwou Wochen geschwat, op enger extra dofir aberuffe Pressekonferenz. Länner wéi Malta oder Holland hätte sech méi Impfstoff besuergt, wei hinnen zousteet, sou seng Kritik. Eng Partie osteuropäesch Länner hu sech doropshi senger Fuerderung no enger anerer Verdeelung vum Impfstoff ugeschloss.

A villen aneren EU-Staaten ass seng Kritik awer op Onverständnis gestouss. De Mechanismus wier kloer gewiescht: All Land kritt den Impfstoff proportional zur Bevëlkerung ugebueden. Wann dësen awer net komplett ofgeholl gëtt, kënnen aner Länner de Rescht opkafen. Déi Länner, déi manner kritt hunn, hätten deelweis op Pfizer/Biontech a Moderna Impftoff verzicht, fir de manner deieren AstraZeneca ze kafen. Bei deem ginn et awer lo bekannterweis grouss Liwwerprobleemer.

Souwäit den europäesche Kontext.

Oflenkung vun eegene Feeler

An Eisträich geréit den Sebastian Kurz wéinst senger Kritik un der EU ëmmer méi selwer an d'Kritik.

Een Dag no där genannte Pressekonferenz huet eng héich Beamtin aus dem Gesondheetsministère him ëffentlech widdersprach. Dem Kurz seng konservativ ÖVP huet doropshin där Beamtin hir Suspendéierung gefuerdert. De grénge Gesondheetsminister konnt op all dat net reagéieren, well e vir puer Deeg am Spidol war.

Spéider gouf dunn dee Beamten, dee fir Éisträich am EU-Impfgremium souzen, ofgezunn. Angeblech well hien d'Regierung zu Wien net iwwert d'Méiglechkeet informéiert hätt, weideren Impfstoff ze kafen.

Fir d'Oppositioun am Parlament zu Wien ass hien awer just e Bauerenaffer. An de leschten zwou Woche goufen an de Medien eng Partie Dokumenter zitéiert, déi noleeën, datt d'Regierung wuel wosst, wéi de Verdeelungsmechanismus vun den Impfstoffer funktionéiert. Datt de betraffene Beamte keng weider Dose bestallt huet, hätt doru geleeën, datt Éisträich deen Ament scho méi Dose bestallt hätt, wéi fir d'Bevëlkerung néideg ass. En Plus wier hien un d'Budgetsgrenz gestouss, déi de Finanzministère him gesat hätt. Den éisträichesche Finanzminister dementéiert dat.

Schlecht Sondagewäerter

Dem Sebastian Kurz gëtt vun der Oppositioun, mee mëttlerweil och vun der konservativer Press virgeworf, mat senger EU-Kritik nëmme vun eegene Feeler oflenken ze wëllen an dobäi d'Reputatioun vun Éisträich op d'Spill ze setzen.

Grënn fir fir Oflenkung ze suergen, hätt den Sebastian Kurz op alle Fall. Seng Sondagewäerter sinn an de leschte Wochen staark gefall. Datt Éisträich souwuel bei den Infektionszuelen wei och beim ekonomeschen Abroch am Europavergläich schlecht do steet, kënnt bei de Wieler net gutt un.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

De Bundeskanzler Sebastian Kurz an de Finanzminister Gernot Blümel

Déi sougenannten Ibiza-Affär wierkt sech bis haut op d'Politik an Éisträich aus. Rezent gouf et nees esou een Nobiewe wéi bekannt gouf, datt d'Justiz géint den éisträichesche Finanzminister Gernot Blümel ermëttelt.

Matthias Kirsch Analys
Auslandschronik

Datt den HC Strache d'Ibiza-Affär politesch net konnt iwwerliewen, war ze erwaarden. Genee wéi seng Verteidegungstaktik: Schold ass jiddwereen, ausser den éisträichesche Vizekanzler selwer. Déi Taktik ass net néi.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen