USA De President op der Trauerfeier

De Barack Obama reest op Dallas fir eng Trauerfeier fir fënnef Polizisten déi, d'lescht Woch erschoss goufen. D'Presenz vum US-President am Texas kënnt zu enger Zäit, wou sech Rassismus an Divisiounen tëscht schwaarz a wäiss nees an Amerika breet maachen.

Philip Crowther / ys

Barack Obama
Barack Obama (picture alliance / dpa / Aude Guerrucci)

De Barack Obama huet schonn dacks a senger Zäit am Wäissen Haus missen op eng Plaz wéi Dallas reesen. Sief et en Duerf wéi Newtown, eng Stad wéi Charleston, oder eng Militärbase wéi Fort Hood. No enger Masseschéisserei ass et dacks d'Roll vum amerikanesche President fir d'Famillje vun den Affer ze treffen an iergendwéi Wierder ze fannen, fir si ze tréischten.

Amerika ass gedeelt

Des Kéier ass et anescht. Fënnef Poliziste goufen erschoss. Déi gréisst Zuel vun Affer an de Reie vun der Police un engem Dag zënter dem 11. September. Si waren all wäiss. De Schëllegen war schwaarz, an hätt sech wéilte fir déi schwaarz Amerikaner rächen, déi a leschter Zäit vu wäisse Polizisten erschoss goufen. Dat seet d'Police vun Dallas.

Mat senger Rees op Dallas geet et fir den Obama an d'Stad, wou ee vu senge Virgänger erschoss gouf. Den John F. Kennedy gouf och vu engem Sniper erschoss. Haut reest den Obama an eng schockéiert Stad. Eng Stad déi zënter leschter Woch e Synonym ass fir d'Divisiounen an Amerika. Tensiounen tëscht schwaarz a wäiss goufen elo nees un d'Ëffentlechkeet bruecht. An de Ruff no méi Gerechtegkeet a manner Gewalt vun der Police ass méi staark ginn. "Black Lives Matter" heescht et a Dozene Stied an den USA - och schwaarz Liewen hunn ee Wäert.

Iergendwéi Brécke bauen

De Barack Obama well um Dënschdeg zu Dallas mat sengem Besuch a mat senger Ried iergendwéi Brécke bauen. Tëscht schwaarzen a wäissen Amerikaner, tëscht Manifestanten an der Police. A villäicht bleift och nach Zäit fir sech nach eng Kéier fir méi streng Waffegesetzer anzesetzen.

De President wäert un der Trauerfeier matmaachen an do eng Ried halen. Mat him op Dallas reesen seng Fra Michelle, de Vizepresident Joe Biden an eng Réi Memberen vum amerikanesche Kongress. Zu Dallas wäert de fréiere President George W. Bush, een Awunner vun der Regioun ëm Dallas, op si waarden.

No der Trauerfeier wäert et dann, alt nees eng Kéier, um President sinn fir d'Familljememberen ze treffen.

Korrespondenz Philip Crowther

Méi zum Thema

guillaume
Wirtschaft

Den Ierfgroussherzog Guillaume stoung un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Prospektiouns-Missioun déi lescht sechs Deeg op der US-Ostküst. Hien huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider begleet.

white house.jpg Kommentar
Auslandschronik

A der rezenter Ried vum amerikanesche President Barack Obama iwwer den Terrorismus ass et – wéi gewinnt – ëm Krich gaang. Mee och een anert Thema krut eng wichteg Plaz: d'Waffegesetzer.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen