Sport "De Premier zitt net richteg mat"

De Sport huet nach ëmmer net dee Stellewäert zu Lëtzebuerg, deen e misst hunn, dat war eng vun de Feststellunge gëschter um Kongress vum Lëtzebuerger Olympesche Comité. Ee Grond dofir wier der Regierung hir retizent Haltung, sou de President vum COSL, André Hoffmann am 100,7-Interview.

Françoise Medernach / po

André Hoffmann COSL.JPG
Den André Hoffmann (5. v.r.) mam COSL-Verwalrungsrot (©COSL)

Den COSL-President bedauert, datt scho laang um Sportskonzept gedoktert gëtt, mee nach ëmmer näischt ëmgesat gouf. D’Regierung, a virun allem de Premier Xavier Bettel hätt nach ëmmer net agesinn, dass een eng integréiert Approche bräicht, wou all Beräicher, an deenen de Sport wichteg ass, zesummeschaffen. Net nëmmen de Sportsministère, mee och d’Ministèrë Santé, Educatioun an Interieur misste mat upaken, sou den André Hoffmann.

Ganz Regierung misst mat upaken

Dat wier awer nach ëmmer net bei der ganzer Regierung ukomm. De Premier géif sech och bedeckt halen, wat d’Finanzen ugeet. Den COSL brauch méi finanziell Moyenen an hat proposéiert, fir een Deel vun de Recette vun der Lotterie Nationale ze kréien, fir zréck an de Sport fléissen ze loossen, mee och do hätt de Xavier Bettel dem COSL ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach.  
 
Nächst grousst Evenement fir den COSL sinn d'Olympesch Summerspiller, am August, zu Rio a Brasilien. Déi stinn awer am Schied vun neien Doppingskandaler. Di russesch Sportler sinn den Ament nach ëmmer ausgeschloss.

Keen Dopping zu Rio

Den André Hoffmann bedauert, dass den Dopping ëmmer rëm de Sport an ee schlecht Liicht stellt, ass awer iwwerzeegt, dass d'Organisateure vun den Olympesche Summerspiller a Brasilien et fäerdeg bréngen, dass keng gedoppten Athleten do wäerten an den Asaz kommen. Den Dopping géif dem ganze Sport schueden, den Olympesche Spiller awer manner, well do méi streng Kontrolle wieren.
 
Lëtzebuerg wäert mat 10 Athleten op Rio goen, sou nach den André Hoffmann. Bis elo sinn der 3 offiziell qualifizéiert.

 

Méi zum Thema

gilles muller.jpg
Gilles Muller am Interview

De beschte Lëtzebuerger Tennisspiller kuckt op eng fir hie gutt Saison zréck. Fir déi Joeren, déi him als Profi bleiwen, musse Choixe getraff ginn. Eventuell op Käschte vun der Davis Coupe.   

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen