Subventionnéierte Wunnengsbau De Kierchefong wëllt eng séier Léisung

Sollt de Kierchefong géigeniwwer anere private Promoteuren, déi subventionéiert Sozialwunnenge bauen, benodeelegt gi sinn, da sollt dat korrigéiert ginn. Esou reagéiert den Direkter vum Fong op en Artikel am Lëtzebuerger Wort.

Maxi Pesch / cz

Kierch Kräiz
Foto: Bigstock

Konkret geet et ëm d'Lafdauer vun der Konventioun tëschent dem Logementsministère an dem private Promoteur. Am Juni hat d'Logementsministesch, der Zeitung no, decidéiert, d'Lafdauer vun dëser Konventioun vun 20 op 40 Joer eropzesetzen. Domat soll séchergestallt ginn datt d'Wunnengen, déi bis zu 75 Prozent vum Staat subventionéiert ginn, méiglechst laang bëlleg verlount ginn. Dem Wort no wier dës nei Reegelung allerdéngs elo virop bei kierchlechen Acteuren ugewant ginn. Bei Projete vun net kierchlechen-Promoteuren, déi souguer eréischt méi spéit eragereecht gi wieren, géif nach ëmmer eng Lafzäit vun 20 Joer gëllen, seet de Philip Mauel, Direkter vum Kierchefong.


De Philipp Mauel, Direkter vum Kierchefong am Gespréich mam Maxi Pesch:

Lauschteren

Méi zum Thema

Leo Wagener
Kathoulesch Kierch

Den zukünftege Weibëschof Leo Wagener seet, hie wéisst nach net genee, wéi seng Aarbecht an dëser neier Roll géif ausgesinn. Et wier wichteg, datt déi Gleeweg sech verstäerkt an der Kierch engagéieren.

Leo Wagener
Relioun

An de leschte Woche gouf et geheeften Austrëtter aus der kathoulescher Kierch, seet de Generalvikar Leo Wagener. Dorënner wiere vill Jonker, awer och eeler Leit, déi laang kathoulesch waren.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen