Den Taux vun net-fräiwëllegen Departe beim Haff léich ënnert deem am Privatsecteur, huet de Lucien Weiler gemengt. Am Verglach mat anere Betriber wieren d'Licenciementer dem Lucien Weiler no "absolut an der Rei". Den Hofmarschall betount, et wieren och Leit fräiwëlleg gaangen.
Esou wieren dëst Joer dräi Leit fort gaangen. Hinnen hätte sech nei Perspektive gebueden, mat méi interessante Posten. "Dann ass et d'Fräiheet vun de Mënsche fir ze goen." De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hätten dat déif bedauert.
Déi extern Beroderin vum Haff, Chantal Selva, hätt d'Equipe verlooss, well si - esou d'Meldung vun der Satirezeitung "Feierkrop" - eng onbekannte juristesch Virgeschicht hat. Si war beim Haff fir déi intern Reorganisatioun zoustänneg. Den neie Pressespriecher Oswald Schröder hat sech no net emol engem Mount Proufzäit zréckgezunn. Och seng zwou Virgängerinne waren hirer Wee gaangen. Donieft gouf et Departen op méi niddregem Niveau.
Reorganisatioun um Haff
De Lucien Weiler ënnersträicht, hien hätt sech dofir agesat, d'Relatiounen tëscht dem Haff an der Regierung méi kloer ze definéieren: "Et war e gewësse Flou do."
Fir déi héich Posten - de Chef de Cabinet an de Maréchal de la Cour - ze besetzen, misst an Zukunft d'Regierung hir Zoustëmmung ginn. De Grand-Duc hätt awer fräi Hand fir d'Conseillere vum Haff an dat anert Personal ze bestëmmen. D'Regierung géif an deene Fäll just informéiert ginn.
"Net wéi wann ee Politiker eng Ried hält"
D'Aufgaben um Haff wieren an de leschte Jore geklommen. D'Demandë fir Visiten an Interventioune vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse wiere staark an d'Luucht gaangen, seet de Lucien Weiler.
All Dag kéimen Demandë vun Associatiounen an Organisatiounen eran. An der Zäit hätt de Grand-Duc eng Ried d'Joer gehalen: "Haut hält hien all Mount eng Ried. A wann de Grand-Duc eng Ried hält, dann ass dat net wéi wann e Politiker eng Ried hält."
Dem Hofmarschall a fréieren CSV-Politiker a Chamberpresident no misst esou eng Ried preparéiert ginn. "Déi muss cibléiert sinn, do muss opgepasst ginn op all Saz. Dat mécht vill Aarbecht."
Nei Strukturen
Dowéinst hätt de Grand-Duc gefuerdert, datt déi pyramidal prozedural Struktur nei opgestallt géif ginn. "De Maréchal war deen, bei deem alles zesumme gelaf ass. Dat war net méi ze maachen".
![]()
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hätte sech eng horizontal a kollegial Organisatioun mat verschiddene Servicer gewënscht: E Cabinet vum Grand-Duc, e Service vum Protokoll, e Manager, dee sech mam technesche Volet ofgëtt an e Maréchalat.
All Méindes géinge sech déi Servicer mat der groussherzoglecher Koppel an engem kollegiale Kader op Schlass Bierg treffen, seet de Lucien Weiler.
"D'Spëtzt vum Staat ass net zum Nulltarif ze kréien"
"An all Staat steet un der Spëtzt eng Institutioun. Bei eis ass et eng Monarchie", erkläert de Lucien Weiler. An dat géing Geld kaschten.
Dat wier och a Länner esou, an deene Presidente Staatscheffe wieren. Am Verglach zu Länner wéi Däitschland oder Italien géing d'Monarchie zu Lëtzebuerg wéineg kaschten.
Am Budget 2016 sinn 10 Milliounen Euro fir de Fonctionnement vum Haff virgesinn. Dat sinn 0,07 Prozent vun de Gesamtdepense vum Staat.
Dem Lucien Weiler no sinn déi eenzel Budgetsposte fir den Haff liicht geklomm. Dat wier op d'Indexatioun zréck ze féieren.
Och wann déi Budgeten "non-limitativ" wieren, wiere si ni vum Haff iwwerschratt ginn. Et wier och ni eng Erhéijung vun de Kreditter, déi zur Verfügung stinn, ugefrot ginn. Dat obwuel d'Käschten an d'Luucht gaange wieren, betount den Hofmarschall.
D'Monarchie "am Mëttelpunkt vun der Gesellschaft"
D'Kommunikatioun vum Haff wier eng Medail mat zwou Säiten, fënnt den Hofmarschall. Engersäits géing et dorëms goen, ze weise wéi déi groussherzoglech Famill hier Aufgab lieft a "wéi si der Monarchie e Sënn ginn." Op der anerer Säit wéilt ee Mënschen a Projeten an der Gesellschaft eng besser Visibilitéit a Respekt ginn.
De Grand-Duc an d'Grand-Duchesse stéingen an der Mëtt vum offizielle Gesellschaftsliewen zu Lëtzebuerg: "Mat der Monarchie hu mir um internationale Plang eng Plus-value". All Minister kéint dat confirméieren.
Donieft géifen hir Visiten enger Organisatioun eng Valorisatioun ginn. Dat géing gutt funktionéieren.
Un d'Praxis upassen
Mat der geplangter Verfassungsreform ginn d'Pouvoire vum Staatschef weider ageschränkt. Wat hält de Grand-Duc dovun?, hu mer den Hofmarschall gefrot. D'Propositioun vun der Verfassungsreform géing d'Texter nëmmen un d'Realitéit upassen, seet de Lucien Weiler.
Wann een déi aktuell Verfassung géif liesen, kéint ee mengen de Grand-Duc hätt zu Lëtzebuerg vill ze soen. Zanter Lëtzebuerg eng onofhängeg Monarchie hätt, wier d'Verfassungspraxis awer déi, datt de Grand-Duc keng Politik géif maachen.
2008 hat de Grand-Duc refuséiert d'Euthanasiegesetz z'ënnerschreiwen. Dat hat eng institutionell Kris ausgeléist an dorops hi goufe seng Pouvoire vum Grand-Duc limitéiert. D'Saktiounsrecht fir Gesetzer war ewech gefall. De Grand-Duc "promulgéiert" zanterhier just nach Gesetzer.
"Eng staark Fra"
"Zanter Joren zirkuléiert am Land e Bild vun der Grande-Duchesse, vun dem mir net wësse wou et hir kënnt.", esou de Lucien Weiler. Dat Bild géing net der Realitéit entspriechen.
Et wier einfach Mënschen ze jugéieren, déi een net géing kennen. "Ech erliewen déi Grande-Duchesse zanter Méint am Alldag an an der Aarbecht. Zesummen diskutéiere mir iwwer Projeten. Si ass eng staark Fra, eng Fra mat Iwwerzeegungen, eng Fra déi weess, wat si wëll."
Den Hofmarschall ënnersträicht, hien hätt nach néierens erlieft, datt d'Wuert "Merci" esou dacks géing gebraucht gi wéi bei der Groussherzoglecher Koppel. Et wier agreabel fir an esou engem Kader ze schaffen.