100,7-Informatiounen no dierft den Direkter vum Service vun der Beruffsausbildung am Educatiounsministère, den Antonio de Carolis, vu sengem Posten entbonne ginn. D'Regierung huet Ufanks Mee schonn decidéiert, fir eng deementspriechend Prozedur ze lancéieren. Nom Regierungsrot vum Freideg soll dem Grand-Duc d'Revocatiounspropos ënnerbreet ginn.
Eng Etude vun der Uni ass am September d'lescht Joer zur Conclusioun komm, datt am Kader vun der Reform vun der Beruffsausbildung Feeler am Ministère geschitt wieren. Doduerch wier ee Klima vu Mësstrauen tëscht den eenzelne Partner entstanen. Op Basis vun där Etude huet d'Regierung eng "incapacité durable d'exercer" beim Antonio de Carolis festgehal.
Den Antonio de Carolis war zanter 2011 Direkter vun der Beruffsausbildung am Educatiounsministère. Hie selwer wëll d'Prozedur net kommentéieren. Wie säi Nofolger gëtt ass nach net decidéiert.