Danièle Fonck zur geplangter Reform vun der Pressehëllef

Fir d’Joer 2015 changéiert nach näischt bei der finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat fir déi fënnef Dageszeitungen, dräi Wochenzeitungen an zwee Wochemagaziner. Virun enger Woch hat de Premier a Kommunikatiouns- a Medieminister Xavier Bettel confirméiert, datt et ee Moratoire vun engem Joer fir déi geplangte Changementer gëtt. Am Kader vum Spuer- a Steierpak war geplangt fir ë.a. d'Publikatioun vun offiziellen Avisen an den Zeitungen duerch eng Publikatioun um Internet z'ersetzen. Dës Spuermesure huet d'Regierung nees zréck gezunn, wat d’Generaldirectrice vum Grupp Editpress Danièle Fonck begréisst. D'Regierung hätt gewisen, datt se capabel ass eng falsch Decisioun réckgängeg ze maachen.

An enker Collaboratioun mat den Acteuren aus dem Secteur wëllt d’Regierung am Laf vum nächste Joer eng Reform vun der sougenannter Pressehëllef ausschaffen, grad wéi eng Revisioun vun hirer Politik vun der Publikatioun vun den offiziellen Avisen. Bei der Reform vun der Pressehëllef, mat engem Deel vun der Ënnerstëtzung fir Online-Medie, misst d’Regierung sech fir d’éischt iwwerleeë wat si wéilt, an no wéi enge Critèren dësen Deel vun der Fërderung soll ausbezuelt ginn, fuerdert d’Danièle Fonck.

Detailer am Dossier vum Serge Kesseler:

D'Reform vun der Pressehëllef war den 22. November Thema an eiser Emissioun Riicht Eraus.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen