Chronik D'Zäit vun der Exekutiv
Wéinst der Corona-Pandemie ass d'Course ëm déi däitsch Kanzlerschaft an den Hannergrond geréckelt. Dobäi war se scho voll amgang. Wien huet no zwee Méint Kris d'Nues vir?

U sech koum d'Corona-Pandemie fir den Armin Laschet genee zur richteger Zäit. Grad eréischt hat hie seng Kandidatur fir d'CDU-Spëtzt ugekënnegt a war domat an der Pole-Positioun fir och Kanzlerkandidat vun der chrëschtdemokratescher Partei ze ginn. D'Pandemie koum fir hie genee richteg, well hien am Verglach zu sengem gréissten Géigner - dem Friedrich Merz - sech als Ministerpresident ka profiléieren. De Friedrich Merz huet déi Méiglechkeet ouni politescht Amt net.
An am Ufank vun der Kris huet et sou ausgesinn, wéi wann den Armin Laschet alles géif richteg maachen. Hie konnt sech als Maacher profiléieren, huet trotz dem Corona-Hotspot Heinsberg a sengem Bundesland d'Nerve behalen - an datt säi Junior-Partner an der Course ëm d'Parteispëtzt, de Gesondheetsminister Jens Spahn, all Dag op der Tëlee opgetrueden ass, huet em sécher och net geschuet.
From hero to zero
Ma an de leschten Wochen - elo wou d'Diskussiounen ëm d'Lockerunge vun de Corona-Mesurë lassgaange sinn - huet den Armin Laschet dëse Virsprong nees verspillt. Esou fuersch war seng Fuerderung no Lockerungen, datt déi däitsch Press sech gefrot huet: ass dee Mann iwwerhaapt kapabel, Kanzler ze ginn?
D'Chance vum Armin Laschet kéint sinn, datt et senge partei-externe Konkurrente geneesou geet, wéi dem Friedrich Merz. Wierklech profiléiere kënne sech d'Oppositiounspolitiker eben net. Zum Beispill d'Gréngen-Cheffe Robert Habeck an Annalena Baerbock. Virun der Corona-Kris waren déi däitsch Gréng den Uniounsparteien an de Sondagen op de Féiss. Mëttlerweil si si schonn nees däitlech ënner déi 20 Prozent gerutscht, wärend CDU an CSU sech nees als Nummer 1 etabléiert hunn. Eng Kris ass eben d'Zäit vun der Exekutiv.
Schwéier Zäite fir d'Oppositioun
Wat heescht dat dann elo fir d'Course ëm d'Kanzlerschaft? Et gëtt nach ee Politiker, iwwer deen nach net geschwat gouf - och, well hie pre-Corona ëmmer sot: Meng Plaz ass net zu Berlin, mee a Bayern.
Mee de Markus Söder, bayresche Ministerpresident an CSU-Chef, ass ouni Zweiwel ee vun de grousse Gewënner vun dëser Kris. Am Ufank huet hie séier an haart reagéiert, ass bei den Ausgangsspären a Schoulschléissungen virgeprescht. An elo, wärend den Armin Laschet dat selwecht bei de Lockerunge probéiert, gewënnt de Söder, als dee méi virsiichtegen, schonn nees.
Am Mäerz gouf den Armin Laschet an der Wochenzeitung DIE ZEIT mam Saz zitéiert: "Jede Zeit hat ihren Kanzlertyp." Déi lescht Woche kéinte bewisen hunn, datt dës net d'Zäit vun engem Kanzler Armin Laschet ass.