Steieren D'Steierreform erkläert

Dir hutt eng Fro iwwert déi geplangte Steierreform? Duerch den direkten Austausch tëscht de Bierger, dem Finanzminister a Vertrieder vun der Steierverwaltung soll de Steier-Dialog ugekuerbelt ginn. Bis Enn September sinn uechter d'Land Informatiounsreuniounen.

Françoise Keller / cwi

Froen iwwer d'Steierreform
D'Bierger kënne hir Froe stellen. Foto: Bigstock

D’Steierreform soll den 1. Januar 2017 a Kraaft trieden. Si soll virun allem Leit mat klengen a mëttlere Salairen entlaaschten, huet et vun der Regierung geheescht. Zënter der offizieller Presentatioun vun de Reformpläng am Februar dëst Joer, hunn d’Leit sech vill Froen iwwer déi geplangten Ännerunge gestallt. Déi sollen op den "D'Steierreform konkret"-Reunioune beäntwert ginn.

Zum Beispill d'Fro vun engem Bierger, deen op d’Informatiounsreunioun zu Ettelbréck komm war. Hien ass Wittmann a gouf vun der Klass 2 an d'Steierklass 1a ëmklasséiert. "Dat war ee groussen Ënnerscheed. Dofir wollt ech froen, ob sech do eppes ännert." De Bierger war eegenen Aussoen no zefridden ze héieren, datt hien duerch déi geplangte Steierreform an Zukunft manner Steiere bezuele wäert. Firwat? D'Leit vun der Steierklass 1a géinge méi vun der Reform profitéieren, wéi déi vun der Klass 1 oder 2. "Si ass ugepasst gi fir déi Progressivitéit net méi esou séier spillen ze loossen", sou de Guy Heintz, Direkter vun der Steierverwaltung.

Méi individuell Optiounen

Dem Guy Heintz no géifen d’Leit sech ënner anerem Froen iwwer d’Individualiséierung vun der Besteierung fir bestuete Leit stellen. Dës Ännerung soll awer eréischt 2018 a Kraaft trieden. Duerch dës Individualiséierung kréie bestuete Leit d’Optioun fir eenzel besteiert ze ginn.

Dobäi géifen et zwou Méiglechkeeten, ënnersträicht de Guy Heintz. Bei der "Individualisation pure" gëtt een op säin Akommes besteiert, wéi wann een net bestuet wier. Béid Partner kënnen also hier Revenuen eenzel uginn a kréien hir Depensen eenzel ofgezunn. Eng zweet Méiglechkeet ass eng Individualisatioun mat Reallocatioun. "Do kann een d'Revenuen ëmverdeelen. Den Optimum ass, datt ee jidderengem 50 Prozent vum Gesamtakommes vum Menage gëtt." Dobäi géing d'Steier déi nämmlecht bleiwen, mee et géif een et vum 1. Januar 2018 un op d'Steierkaart gesat kréien. "D'Avancë ginn da wahrscheinlech op Null gesat oder si gi méi niddereg."

D'Suerge verstoen

Eng Fra huet op der Reunioun an der Steierverwaltung zu Ettelbréck vun der Geleeënheet profitéiert fir dem Finanzminister eng Suggestioun a Saache Steieren ze maachen. Si an hire Mann kéinten zwar hir Botzfra vun de Steieren ofschreiwen, mee "mir sinn elo al a mir hätte gär, datt mir och eise Gäertner kënnen ofschreiwen." Dem Minister Pierre Gramegna no géif duerch déi geplangte Steierreform de Seuil fir "Frais de domesticité" a "Frais de garde d’enfant" vu 3600 op 5400 Euro erop gesat ginn. Fir hie wier de Virschlag interessant. "D'Iddi gefält mir gutt an ech wäert si préiwen."

Fir de Pierre Gramegna sinn d'Informatiounsreuniounen eng Geleeënheet fir mam Bierger ze schwätzen. "Et geet mir drëms d'Suerge vun de Bierger ze verstoen". D'Proximitéit tëscht dem Steierzueler an der Regierung wier eng Stäerkt vu Lëtzebuerg, fënnt de Finanzminister. An anere Länner wier dat net esou.

En delikate Sujet

D'Versammlunge sollen den direkten Dialog tëscht de Bierger an de Vertrieder vun der Steierverwaltung encouragéieren. Dofir géingen d'Reuniounen net oflafe wéi Konferenzen, erkläert de Kommunikatiounsberoder vum Finanzministère, Bob Kieffer. D'Bierger kéinten am klenge Krees mam Beamten oder Minister iwwert ee Punkt diskutéieren. "D'Steieren, dat geet dacks an d'Privatliewe vun de Leit." Et wéilt een dofir verhënneren, datt d'Bierger virun Anere missten eng Fro stellen aus deenen ee kéint op hir finanziell Situatioun schléissen. "Do wiere si net esou waarm, déi Froen ze stellen, déi si wierklech interesséieren."

Och um Internet kënnen d’Bierger sech iwwert déi geplangte Steierreform informéieren. Ronn 14.000 Leit géifen all Mount op den Internet Site "Steierreform.public.lu" zeréckgräife fir Äntwerten op hier Froen ze kréien, esou de Finanzminister. Op dësem Site fënnt een ënner anerem eng "Calculatrice fiscale". Dës Rechemaschinn simuléiert, wéi eng Steiererliichterungen de Bierger duerch déi geplangten Ännerunge kritt. An engem Glossaire sinn donieft déi heefegst Froen an hir Äntwerte gruppéiert.

Upassunge méiglech?

Eng Fro bleift awer nach op: Kann den Text vum Gesetzprojet fir d’Steierreform duerch d’Virschléi an d’Froe vun de Bierger nach verännert ginn? Et wéilt een en direkte Feedback vun de Leit kréien, mengt dozou de Bob Kieffer. "Wa mir mierken, datt et nach Onkloerheete ginn, kënne mir dorop reagéieren." D'Virschléi vun de Leit géingen opgeholl a verschafft ginn.


Déi nächst Informatiounsversammlunge sinn zu Diddeleng, Klierf, Réimech an ofschléissend, Méindes de 26. September, an der Stad.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Hummer a Schäner
Steierreform

Aus dem Text geet ervir, wéi de budgetären Impakt vun deene verschiddene Mesuren ageschat gëtt. Bis zu 50 Milliounen Euro nei Recettë sollen duerch d'Bekämpfung vu Steier-Fraude an -Abusen era kommen.

20160722-ferdy adam-3882.JPG
Wirtschaft

De Statec huet d’Auswierkunge vun der Steierreform berechent: Méi Kafkraaft, méi Emploi, manner Chômage. Risike wieren ënnert anerem de “Brexit”. Interview mam Statec-Mataarbechter Ferdy Adam.

romain bausch.JPG
Ëffentlech Finanzen

Eng méi ambitiéis Budgetspolitik ass néideg, fir bei engem ekonomesche Schock Spillraum ze hunn, seet de Romain Bausch vum CNFP. Majoritéit an Oppositioun interpretéieren d'onofhängeg Analys verschidden.

Nico Hoffmann.JPG
Konsumenteschutz

Fir de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass d'Reform sozial ongerecht. D'Regierung géif och am Beräich vum Logement net genuch maachen, sou eng weider Kritik op der Generalversammlung.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen