Musée fir zäitgenëssesch Konscht D'Sich nom neie MUDAM-Direkter

Et kéint bis Enn 2017 daueren, bis een Nofolger vum Enrico Lunghi fonnt gëtt. Et géif een analyséieren, wéi eng Persoun de MUDAM brauch, seet de Laurent Loschetter vum Verwaltungsrot. De Fonctionnement vum Musée wier de Moment garantéiert.

Kerstin Thalau / sk / ys

Laurent-Loschetter.jpg
Laurent Loschetter

Déi Responsabel vum MUDAM wëlle sech Zäit loossen, fir en Nofolger vum Enrico Lunghi ze fannen. Am Musée geet Rieds dovun, datt et nach bis Enn 2017 kéint daueren.

Éier d'Ausschreiwung fir den Direktesch-Poste vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht gemaach gëtt, wéilt ee sech Gedanke maache, wat ee sicht, esou de Laurent Loschetter am 100,7-Interview. Et wéilt een déi richteg Persoun fannen. Dofir géif ee mat den Artisten a mat der Equipe vum Musée schwätzen. "A menger Dramvirstellung soll dee sou eng grouss Personalitéit hunn, datt déi ganz Reimlechkeeten hei dovunner gefëllt ginn."

Selektiouns-Comité

D'Ausschreiwung soll vun engem Selektiouns-Comité gemaach ginn, mat dräi Memberen aus dem MUDAM-Verwaltungsrot an dräi auslännesche Musées-Direkteren. D'Zesummesetzung vun dësem Comité steet nach net fest.

De Fonctionnement vum MUDAM wier de Moment garantéiert. Ëm d'Alldagsgeschäft vum Musée këmmere sech de Moment déi dräi Memberen aus dem MUDAM-Verwaltungsrot Danièle Wagener, Laurent Loschetter a Philippe Dupont. Et géif ee momentan d'Entwécklung vum Organigramme analyséieren an deen iwwerschaffen.

Den Enrico Lunghi hat Enn 2016 als Direkter vum MUDAM demissionéiert, an der Suite vun der sougenannter Affär Lunghi/RTL. "D'Programmatioun vum Enrico Lunghi leeft net aus. Hie war ee vun de Curateuren, déi Expositioune gemaach huet", seet de Laurent Loschetter. D'Equipe vun de Curateure géif vum Clément Minighetti gutt geleet ginn. Momentan géif un der Programmatioun fir 2019 geschafft ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Romain Kohn
Medien

Virum Hannergrond vun der Affär "RTL-Lunghi" mécht den ALIA-Direkter Romain Kohn d'Analys, datt d'Iwwerdroe vun ëffentleche Missiounen un ee privaten Acteur net gläichzesetze si mat "Service Public".

Enrico Lunghi
Affär Lunghi-RTL

Den Enrico Lunghi fänkt den 18. Januar op senger neier Platz beim SCRIPT un. Am Service vum Educatiounsministère ass de fréiere MUDAM-Direkter zoustänneg fir "Educatioun à et par la culture".

Enrico Lunghi Exklusiv
Affär Lunghi-RTL

De Kulturminister Xavier Bettel huet eng Sanktioun géint den Enrico Lunghi decidéiert. Wéinst sengem Verhalen am RTL-Interview vum 13. September gëtt et een Avertissement fir de fréiere Mudam-Direkter.

Enrico Lunghi am Mudam Exklusiv
Affär Lunghi/RTL

De fréiere MUDAM-Direkter huet - eisen Informatiounen no - den 23. Dezember eng Plainte géint Onbekannt deposéiert. Hannergrond ass den ëmstriddenen RTL-Interview.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen