Associatioun vun den Medeziner "en voie de spécialisation" "D'MEVS sinn an enger besonnescher Situatioun"

Duerch d'Bank muss een op d'mannst zéng Joer studéieren, ier een e fäerdegen Dokter ass. An der Moyenne huet een no siwe Joer seng Basisformatioun ofgeschloss, dono geet et op den Terrain, fir eng spezialiséiert Formatioun ofzeschléissen. Zu Lëtzebuerg heeschen déi Medezinner "MEV". Si wëllen iwwer eng Associatioun op sech opmierksam maachen.

Sophie Morang / tt

Dokteren
Foto: picture alliance / BSIP

"D'Mevsen sinn eng Spezies tëschent Student an Dokter", seet d'Sylvia Binck vun der ALMEVS (Associatioun vun den Medeziner "en voie de spécialisation"). Si hunn ugefaange mat Schaffen, sinn awer keng fäerdeg Spezialisten.

Bis et esou weit ass, mussen si nach vill léieren a schaffen. Et géife sech e Koup Erausfuerderunge stellen. Nieft der ALEM, der Associatioun vun de Medezinsstudenten, an der Dokteschassociatioun AMMD, gouf dann elo d'ALMEVS vun de Mevsen gegrënnt.

"Eis Associatioun huet aktuell nach keng extra Revendicatiounen", seet d'Sylvia Binck. Et wéilt een emol bei Politik an am Secteur op sech opmierksam maachen an d'Situatioun och um Niveau vun der Formatioun erklären.

"Et feelt iwwerall u Medezinner!"

Verschidden Assistenzdokteren - déi MEVS sinn - géife just fir eng Zäit op Lëtzebuerg kommen an dann erëm heemgoen. "Bei eis feelt et un enger strukturéierter Formatioun", esou d'Sylvia Binck. "Ausser der médecine générale kann een aktuell keng komplett Spezialisatioun ofschléissen". Et géifen och vill administrativ Problemer, wann een zu Lëtzebuerg wéilt schaffen a säin Examen am Ausland wéilt maachen. Ob déi nei Offer vun der Uni Lëtzebuerg fir d'Spezialisatiounen an der Neurologie an Onkologie wäert duergoen, fir méi Leit unzezéien, misst een ofwaarden.

"Insgesamt gëtt et zu Lëtzebuerg, mee och an den Nopeschlänner en Dokterenmangel, deen an den nächste Jore schwéier wäert sinn auszegläichen", konstatéiert d'Sylvia Binck.

Méi zum Thema

Medezinstudium zu Lëtzebuerg
Medezin

Den Educationsministère wëllt eréischt an dräi bis fënnef Joer evaluéieren, ob e Master an der Medezin méiglech wier. D'Expertise fir dee Programm wier awer elo schonn do, esou den Direkter vun der Medezinausbildung.

Een Drëtten vun de Medezinstudente kënnt net op Lëtzebuerg zeréck
Medezin

Den Héichschoulministère wëllt an den nächste Joren iwwerpréiwen, ob et Sënn mécht ee komplette Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg unzebidden. Eng Pist wier de Modell vun enger Unisklinik.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen