Fleeg De Gesetzesprojet fir Qualitéit vun Déngschtleeschtunge fir eeler Leit fällt beim Staatsrot duerch
Virun zwee Joer gouf e Gesetzesprojet deposéiert fir d'Qualitéit vun den Déngschtleeschtunge fir eeler Leit ze reegelen. De Staatsrot leet géint den Entworf vum zoustännege Familljeministère elo awer e puer Dosen "oppositions formelles" an.

Dat fält besonnesch ongënschteg am Kontext, datt déi franséisch Entreprise ORPEA, déi aktuell an enger Prozedur ass fir deemnächst och zu Lëtzebuerg CIPAen opzemaachen, rezent an e Skandal iwwert Mëssstänn an hiren Haiser verwéckelt war. An et Uganks Februar an der Chamber geheescht huet Lëtzebuerg wier mat sengem legislative Kader a mat senge Qualitéitscritèrë besser opgestallt wéi Frankräich, fir esou Mëssstänn ze verhënneren.
Inkohärent Dispositiounen a juristesch Onsécherheeten
Dat neit Gesetz sollt dann d'Qualitéit vun den Infrastrukturen, Prestatiounen a Servicer fir eeler Leit nach méi verbesseren.
De Staatsrot kritiséiert a sengem Avis awer onprezis a souguer inkoherent Dispositiounen, déi zu juristeschen Onsécherheete géife féieren.
D'Gesetz geséich weder Definitiounen nach en Encadrement vu Qualitéits-Objektiver an hirer Evaluatioun fir déi eenzel Gestionnaire vun Institutioune vir.
Keng Méiglechkeet fir den Agrément ze entzéien
Jidderee kéint souzesoe seng eegen Zëppche kachen - an et géif keng gesetzlech Grondlag gi fir eng Agrémentatioun aus Qualitéitsgrënn ze entzéien.
Weider Kritikpunkten: Et géif net kloer definéiert ginn, wéi eng Kompetenze Mataarbechter missten hunn, och géif net méi preziséiert ginn, wéi vill Mataarbechter pro Unzuel u fleegebedierftege Persounen néideg wieren.
Zudeem kéint dat neit Gesetz zu administrative Redundanze féieren ënnert anerem tëschent der Fleegeversécherung an dem Familljeministère.
Ongënschtegen Timing fir ORPEA
Dëse muss elo säi Gesetzesentworf op de Leescht huelen an iwwerschaffen. Dat heescht, datt d'Gesetz wuel soubal net wäert der Chamber fir e Vott virgeluecht kënne ginn.
En ongënschtegen Timing. Dat nodeems viru kuerzem Revelatioune vum franséischen investigative Journalist Victor Castanet héich Welle geschloen hunn. Hien hat Mësshandlunge vun eelere Leit an Alters- a Fleegeheemer opgedeckt, déi vum Grupp ORPEA a Frankräich bedriwwe ginn.
ORPEA ass den Ament an enger Prozedur fir och zu Lëtzebuerg e CIPA mat 123 Better zu Märel opzemaachen. En weideren ass zu Stroossen geplangt. Am Fall vun enger Approbatioun, kéint de Familljeministère dann och 70 Prozent vun dëse Gebaier finanzéieren.