Tornado zu Lëtzebuerg D'Gehir brauch Zäit, fir Saachen ze verschaffen
Datt Leit, déi den Tornado vum 9. August erlieft hunn, an den éischten Deeg Albdreem hunn, schlecht schlofen oder soss eng Reaktioun weisen, wier ganz normal, seet de Psycholog a Psychotherapeut Andreas Hück.

An enger éischter Zäit wier et normal, dovunner ze dreemen, drun ze denken oder mat den Noperen doriwwer ze schwätzen. Esou hätt d'Gehir d'Méiglechkeet, d'Saachen esou ze verschaffen, "fir se an de 'richtegen Tirang' vum Gehir ze kréien", esou datt een net direkt getriggert gëtt, wann een drun denkt.
Wann déi Reaktiounen awer sechs bis aacht Wochen nom Evenement nach ëmmer net verschwonne sinn, da sollt ee sech hëllefe loossen, seet den Andreas Hück:
"Wann ech awer mierken: et bleiwen nach Reschter, zum Beispill de Gedanke "Wat ass déi nächst Kéier, wann esou eppes geschitt?" an da komme vläicht Ängschten a Panik, an dat dauert un - an zwar mir soen ongeféier sechs bis aacht Wochen. Spéitstens no aacht Woche géife mir éischter vun engem Symptom schwätzen, an da géife mir soen: "Do kënne mir ënnerstëtzen!"
Uspriechpartner kann an deem Fall de Groupe permanent d'encadrement psycho-traumatologique (GPEPT) sinn: dat ass keng permanent Ariichtung, mee eng Cellule, déi ëmmer da vum Familljeministère aktivéiert gëtt, wann am Land e grousst Ongléck geschitt.
Net jiddwereen ass traumatiséiert
Wat d'Terminologie ubelaangt, war et dem Andreas Hück wichteg ze präziséieren, datt ee vu "Folge vun engem traumateschen Ereegnes" schwätzt. "Dat ass eppes anescht wéi en Trauma, dat heescht, wat déi Leit entwéckele sinn héchstens Folgen dovunner."
Net jiddweree wier traumatiséiert, wann en eppes Traumatesches erlieft hätt. "Dat ass nëmmen eng Minoritéit, ongeféier 30 Prozent", seet den Andreas Hück.
Erlieftes kollektiv verschaffen
Datt vill Leit dat selwecht erlieft hunn, ass nëtzlech beim Verschaffe vun den Andréck, seet den Andreas Hück:
"Absolut. Et gëtt Fuerschung iwwer d'Folge vum 3. Reich, iwwer d'Juddeverfolgung, wat do och erauskoum, ass tatsächlech, datt déi Mënschen dat vill besser bewältegt hunn, déi wëssen: ech sinn net deen Eenzegen, dee betraff ass. Dat schéngt eppes ze sinn, wat Halt gëtt, wat eng Orientéierung gëtt, a wat och stabiliséiert. Och an der AIDS-Epidemie hu mir dat erlieft, datt do plëtzlech eng Solidaritéit entstanen ass, och ënnereneen an deene verschiddene Subkulturen, wat immens gedroen huet, a wat d'Mënsche wierklech konnt opfänken."