Mir hu virop beim Brooke Harrington vun der Copenhagen Business School selwer nogefrot. No engem kuerze Gespréich huet d'Wëssenschaftlerin decidéiert, dem Radio 100,7 keen Interview ze ginn. D'Fro stellt sech, wéi gutt d'Wëssenschaftlerin Lëtzebuerg kennt. D'Thesen, déi d'Brooke Harrington an engem Artikel an der Zäitschrëft "The Atlantic" vertrëtt, hätte wéineg mat der Realitéit ze dinn, sou déi eestëmmeg Reaktioun vun eisen Interviewpartner.
“Ech fannen deen Artikel fierchterlech iwwerflächlech, vun enger Onkenntnis iwwert déi sozial Struktur vu Lëtzebuerg, datt ech en einfach net serieux huelen”, seet de President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding. Um Aarbechtsmaart ginn et net 60 Prozent "auslännesch Elitten", déi sech beräicheren, wéi d'Brooke Harrington dat schreift. D'Frontalieren verdéngen am Duerchschnëtt manner wéi d'Residenten. An den internationale Klassementer, déi d’Korruptioun moossen a vergläichen, schneit Lëtzebuerg relativ gutt of. An et gëtt hei am Land keng grouss Aarmut oder Inegalitéiten.
An als Steierparadäis, déi beispillsweis op Steierverhënnerung setzen, kéint ee Lëtzebuerg net méi am selwechte Sënn bezeechnen, wéi Panama oder verschidde Karibik-Inselen, sou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. “Do si mir als Lëtzebuerg am Gaang e bëssen dovun ewech ze kommen oder relativ staark dovun ewech komm an deene leschten zwee-dräi Joer.”
"Fluch vun de Ressourcen" op Lëtzebuerg bezunn
Mee huet d'Brooke Harrington wierklech alles falsch verstanen? “Net onbedéngt”, mengt de Mike Mathias vun Tax Justice Lëtzebuerg. Hir Approche, fir d'Konzept vum "Fluch vun de Ressourcen" op de Grand-Duché z'applizéieren, hält hie fir interessant. Hannert deem Konzept stécht d'Observatioun, datt verschidde Länner sech schlecht entwéckelen, obwuel se enorm Revenuen aus natierleche Ressourcen hunn.
Och auslännescht Kapital kéint een als esou eng Ressource beschreiwen, vun där sech ouni gréisseren Opwand enorm Revenue generéiere loossen. “D’Lëtzebuerger sinn immens drop aus, fir eng Staatsplaz oder eng Gemengeplaz ze kréien, well déi immens héich bezuelt gi par rapport zum Privatsecteur”, seet de Mike Mathias. Dat wier nëmme mat de Recette virun allem vun der Finanzplaz ze bezuelen. “Dat féiert dann net dozou, datt déi dynameschst Leit am Privatsecteur bleiwen.
D'Präisser vun den Immobilie si fir vill Leit mat engem duerchschnëttleche Salaire kaum nach ze bezuelen. Fir de Jean-Claude Reding huet dat awer mat der Logementspolitik, grad wéi dem Wirtschafts- a Bevëlkerungswuesstem allgemeng ze dinn. D'Paien op der Bankeplaz wiere sécher net eleng d'Ursaach vun den héijen Immobiliepräisser. “Wat géif s de och dorausser zéien, als Raisonnement fir dee Problem ze léisen? Geheie mer déi erëm eraus?”
Gëtt de Staat vum Finanzsecteur kontrolléiert?
D'Finanzplaz dréit eendeiteg zum Räichtum vum Land bäi, mat engem Drëttel vun de Recettë vum Staat, engem Véierel vum Bruttoinlandprodukt (PIB) an iwwer zéng Prozent vum Emploi. Dat enormt Gewiicht vun der Finanzplaz géif dozou féieren, datt de Staat méi oder manner direkt vum Secteur kontrolléiert gëtt, seet d'Brooke Harrington.
Datt et an deem Sënn ee Problem gëtt, kéint een um Beispill vum Prozess géint de Whistleblower Antoine Deltour illustréieren. Do war ënnert anerem bekannt ginn, datt d'Berodungsfirma PriceWaterhouseCooper mam Bréifpabeier vun der Steierverwaltung huet dierfe schaffen. “Gesetzer schreiwen, se applizéieren, an duerno nach de Service après-vente maachen: fir mech ass dat total inakzeptabel”, mengt den LSAP-Politiker Franz Fayot.
D'Geschäftsaffekoten an der Chamber
Grad ewéi eng Rei aner Deputéiert ass hie Geschäftsaffekot. Dat riskéiert ee verstoppten Afloss vu verschiddenen Acteuren, och vun der Finanzplaz, z'erméiglechen. “Wéi mer eise Code de déontologie adoptéiert hunn, gouf driwwer diskutéiert, datt jiddereen d’Kaarten op den Dësch leet”,erkläert de Franz Fayot. Een Deputéierten, deen an de legislative Prozess intervenéiert, Propose mécht, fir e Gesetz ofzeänneren, misst da soen, mat wiem hie geschwat huet.
Datt d'Politiker korrupt wieren an de Staat vun den Interessie vun der Finanzplaz ënnerwandert, wéi d'Brooke Harrington dat ënnerstellt, hält och den CSV-Deputéierten a Geschäftsaffekot Laurent Mosar am Fall vu Lëtzebuerg fir falsch. Mee datt de Spillraum vun der Politik limitéiert ass, fir géint d'Interessie vun der Finanzplaz ze handelen, streit hien net of. “A ce stade ka keng Regierung mar akzeptéieren, datt um Niveau vun der Finanzplaz ze vill e grousst Stéck vum Kuch géif verluer goen.” Keen Aktivitéitsberäich kéint esou ee Verloscht bei de Staatsfinanze kompenséieren, sou den CSV-Politiker.
Steierpolitik ënnert dem Afloss vun de Finanzacteuren
Och an der Steierpolitik kommen dës Limitten zum Ausdrock. “Et schwätzt kee Mënsch méi driwwer, d’Verméigenssteier nees anzeféieren”, sou de Franz Fayot. “Iwwert d’Ierfschaftssteier brauch ee guer net ze schwätzen, soss gëtt ee bal gekräizegt”.
D'Logik vum "Fluch vun de Ressourcen" spillt an der aktueller Steierpolitik kloer eng Roll, mengt de Mike Mathias vun Tax Justice Network. Verschidde Steieravantagë wéi d’Regimer fir Expatriéierter oder d’Stock options géifen iwwer Circulairen, also ouni demokratesch Kontroll agefouert ginn. “De Moment, wou e Land d’Impressioun kritt, datt dee Ressourcefloss net méi grad esou fléisst wéi fréier, fänken se un, nach vill méi aggressiv no neie Quelle sichen ze goen.”
De President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding fuerdert, datt Lëtzebuerg kee Steierdumping méi mécht, a sech fir eng europäesch Harmoniséierung asetzt. Trotzdem wëll hien den aktuelle Modell vun der Finanzplaz net komplett a Fro stellen. Am Interessi vum Salariat misst een heiansdo kucken, wéi een de ganze Gang vun der ekonomescher Entwécklung kann änneren.
Lues a lues d'Ofhängegkeet vun der Finanzplaz reduzéieren, dat kann ee sech och beim Patronatsdaachverband UEL virstellen. “Mëttel- a laangfristeg musse mer kucken, fir eng wirtschaftlech méi nohalteg Struktur op d’Bee kréien. Do wäert de Finanzsecteur nach ëmmer eng ganz wichteg Roll spillen”, sou den UEL Generalsekretär Nicolas Henckes. “Mee vläicht muss en net méi esou staark oder anescht wuessen.” Déi Debatt misst ee mat der Regierung a mat de Gewerkschafte féieren. De Spillraum, fir d'Dominanz an d'Ausriichtung vun der Finanzplaz a Fro ze stellen, géif wuessen, mengt sengersäits de Mike Mathias vun Tax Justice Lëtzebuerg.