Eurozone D'Eurokris, een Däiwelskrees

Den Internationale Währungsfong huet an de leschten Deeg op en Neits ee Scholdeschnëtt fir Griicheland gefuerdert. Op europäescher Säit bleift d'Skepsis grouss. Datt dës Konfrontatioun tëscht Athen, Washington a Bréissel elo schonn nees opkënnt weist, datt déi grondsätzlech Problemer vun der Eurozone net geléist sinn.

Pia Oppel

Meenung Pia Oppel
"D'Politik vun der Aussichtslosegkeet dreift den europäesche Projet weider an déi negativ Spiral", sou d'Pia Oppel

Flüchtlingspolitik, Terrorismus, ee méiglechen Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun (Brexit): ​Déi permanent Krisestëmmung an der EU huet derzou gefouert, dass een Thema komplett an den Hannergrond geréckelt ass: D’Zukunft vun der Eurozone. Zënter dem Ufank vun der Finanz- a Wirtschaftskris 2008 a bis zur Eenegung iwwer een drëtten Hëllefsprogramm fir Griicheland am Summer 2015 gouf europawäit hefteg gestridden, wat an der Wirtschafts- a Währungsunioun schif leeft – a wat fir eng Léisunge gebraucht ginn.

D’Presidente vu fënnef europäeschen Institutiounen (vun der EU-Kommissioun bis zum Eurogrupp) hunn ee Reformplang virgeluecht, deem seng Hallefhäerzegkeet sech am ëffentlechen Desinteressi erëmgespigelt huet. Alles dat ännert näischt drun: D’Eurokris ass a bleift politesch ze meeschteren. An dëser Deeg deit sech un, dass d’Urgence nees méi grouss gëtt. Den Internationale Währungsfong hält déi griichesch Schold nach ëmmer fir esou onnohalteg, dass et fir d’Land ouni ee Scholdeschnëtt keng sënnvoll economesch Perspektive géif ginn.

Héich Neiverschëldung a Griicheland

D’EU-Kommissioun, grad wéi déi meescht Eurolänner, verweisen hirersäits op d'Reformprogrammer an d'Budgetsprognosen, déi et Athen géifen erlaben, fir d'Scholden zréck ze bezuelen. Den Zweckoptimismus vun där Positioun huet Eurostat gëschter bloussgestallt, mat der Annonce, dass d’Neiverschëldung a Griicheland zejoert méi wéi siwe Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ausgemaach huet. Iwwregens kréien den neie Chiffren no och Spuenien a Portugal hir Budgetsdefiziter no jorelaanger Austeritéitspolitik net an de Grëff.

Et gëtt trotzdem net erwaart, datt d’Finanzministere vun der Eurozone dowéinst haut op hirem informellen Treffen zu Amsterdam hir Positioun änneren. Si setzen – anescht ewéi d’US-Regierung – weider op ee rigiden Stabilitéitsmechanissem amplaz op d’Beliewe vun der Wirtschaft.

Ee klasseschen Däiwelskrees

Dës Politik vun der Aussichtslosegkeet dreift den europäesche Projet weider an déi negativ Spiral vun Europaskepsis an nationalistesche Reflexer. D’Fuerderung no "méi Europa" oder eben enger déifgräifender Reform vun der Eurozone wierkt doduerch ëmmer méi realitéitsfriem.

Mat der dominant lénker Regierung, déi zejoert a Griicheland ugetrueden ass, muss een net an allem averstan sinn. Mat hirer grondsätzlecher Kritik hat si et awer gepackt, fir eng europawäit Debatt iwwer d'Konstruktiounsfeeler vun der Währungsunioun lasszetrëppelen. Ee Sträit deen net abstrakt, mee konkret a leidenschaftlech gefouert gouf. Dass déi Debatt net an ee politesche Reformprozess konnt iwwergoen, huet vill mam enormen Demokratiedefizit vun der EU ze dinn. Ee klasseschen Däiwelskrees.​

An der Mediathéik:

Wirtschaftschronik / / Pia Oppel
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen