Corona-Pandemie D'Bezuele vun den Dokteren

D'Dokteren, déi d'Patiente wärend der éischter Well behandelt hunn, sinn nach ëmmer net bezuelt ginn. Bis Mëtt nächster Woch soll kloer sinn, wéi een am Fall vun enger zweeter Well virgeet.

Michèle Sinner / cbi

Dokteren
Foto: Bigstock

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren


An der Urgence vun der éischter Covid19-Well hat de Gesondheetsministère de Fonctionnement vum Gesondheetssystem ëmgebaut. Doktere goufen a verschidden Asazlinnen agedeelt. Si hunn hir Akten net eenzel facturéiert, mee kruten e Forfait.

Den administrativen Opwend mam neie Remuneratiounssystem géif e groussen Opwand mat sech bréngen, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. De Minimum, deen d'Dokteren ze gutt hätten, dee schéngt gréisstendeels ausbezuelt ze sinn.

Diskussioune sinn am gaang

Zemools an de Spideeler koumen d'Dokteren op méi wéi 40 Stonnen de Mount, déi nach net bezuelt sinn. Dofir gëtt den Ament driwwer diskutéiert, wéi en am weidere Verlaf vun der Pandemie weiderfiert, wann sech eng zweet méi staark Well developpéiert. D'Paulette Lenert erkläert, datt ee wéilt kucken dat ze vereinfachen an de System nach eng Kéier ze iwwerdenken.

Et wier ee matten an de Preparatioune vun deenen Aarbechten, déi een esou séier wéi méiglech wéilt ofschléissen. "Do musst der eis nach eng Woch ginn", esou d'Gesondheetsministerin. D'Paulette Lenert wollt awer net virgräifen, ob et de System mat de Forfaite géif bäihale ginn. "Mir hunn elo Diskussiounen, déi mer doriwwer féieren." Et misst ee kucken, ob déi Léisung wierklech passend war.

Méi zum Thema

Illustratioun Infirmier Infirmière
Gesondheetssecteur

Fir d'Gesondheetswiese soll méi Personal hei am Land ausgebilt ginn. Dat war eng Feststellung vu ville Riedner den Dënschdeg an der Chamber. Et misst een awer och d'Carrièren opwäerten, sou de Marc Baum vun déi Lénk.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen