Aarbechtswelt D'Aleba wëll ee Syndicat fir jidderee ginn

D'Banken- an Assurancë-Gewerkschaft huet den Dënschdeg virun der Press annoncéiert, datt si an Zukunft an all Secteur wéilt aktiv ginn. D'Aleba, déi bis ewell just am Finanzsecteur aktiv war, wéilt sech opmaache fir aner Secteuren. Virdeel vun der Aleba wier, datt se politesch neutral wier, sou de President Roberto Mendolia.

Marlène Clement / cz

ALEBA
Foto: Marlène Clement

Bei de leschte Sozialwalen 2019 wier erauskomm, datt 57 Prozent vun de Personaldelegatioune vun de Betriber zu Lëtzebuerg neutral - also vu kenger Gewerkschaft representéiert - wieren. Dat wëllt d'Aleba elo mat enger multi-sektorieller Ouverture änneren.

De Roberto Mendiola vun der Banken-an Assurancë-Gewerkschaft huet am Hibléck op déi nächst Sozialwalen am Mäerz 2024 eng kloer Uso gemaach.

"Nous voulons vraiment promouvoir du vrai syndicalisme. Nous voulons que nos délégués soient les ambassadeurs du vrai syndicalisme. Nous voulons vraiment que tout le monde, que la voix de ceux qui ne sont pas politisés puisse être entendue."

Kee Verständnis fir Omnipresenz vu politesche Gewerkschaften

Den Aleba-President seet, hien hätt kee Verständnes dofir, datt quasi all d'Secteuren zu Lëtzebuerg vu politesche Gewerkschafte representéiert wieren. Eng Kritik déi sech un den OBGL an LCGB riicht. D'Aleba huet Tensioune mat den zwou national representative Gewerkschaften, well d'Aleba gär de Bankekollektivvertrag matverhandelt hätt, déi sektoriell Representativitéit bei de leschte Sozialwalen awer verluer hat. D'Aleba hat virum Verwaltungsgeriicht geklot fir d'Representativitéit zeréckzekréien an nees mat um Verhandlungsdësch ze setzen. D'Aleba hätt vum zoustännege Minister och eng Entrevue versprach kritt, nodeems d'Urteel virläit, sou de Roberto Mendiola.

Déi absolutt Majoritéit bei de leschte Sozialwale verluer

Datt den ugekënnegten Alleingang an déi multisektiorell Expansioun vun der Aleba op en Neits fir Opreegung bei de Gewerkschaften LCGB an OGBL kéint suergen, schléisst de Roberto Mendiola net aus.

D'Aleba hat bei de leschte Sozialwalen 2019 am Finanzsecteur knapp ënner 50 Prozent vun de Stëmme kritt an deemno net méi déi absolutt Majoritéit an hirem Secteur.

Méi zum Thema

Roberto Mendolia
Finanzsecteur

D'ALEBA wier an enger iwwerzeegender Positioun géintiwwer dem Patronat, mengt de Roberto Mendolia. Haaptprioritéite vum neigewielte President sinn d'Zeréckgewanne vun onofhängegen Delegéierten an d'Formatioun.

Laurent Mertz
Sozialwahlen 2019

De Laurent Mertz weist sech zefridden, datt een en Debakel, dee sech verschidde Leit gewënscht hätten, evitéiere konnt. D'ALEBA kéint mat deem Resultat hir Positioun a verschidden Entreprisen halen.

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen