Däitschland D'AfD reagéiert op Provokateuren aus den eegene Reien

Am däitsche Bundestag ginn Deputéiert vu verschiddene Parteie op hirem Wee an de Plenum belästegt. Vu Leit, déi d'AfD an d'Parlament invitéiert hat. Elo huet d'AfD selwer reagéiert an zwee vu sengen Deputéierten e Riede-Verbuet erdeelt. Mee kann dat Duerchgräifen eescht geholl ginn?

Matthias Kirsch (München) / cbi

Alexander Gauland
Foto: picture alliance / Flashpic

Zanter datt se am Bundestag ass, ass d'Provokatioun eent vun den Haaptmëttele vun der "Aarbecht" vun der AfD. Op iwwer Aussoen um Riednerpult oder an der Press, déi rietsnational Partei probéiert esou dacks et geet fir Opreegung ze suergen. Wéi lescht Woch Videoen opgedaucht si vun Zivilisten, déi am Bundestag Parlamentarier a Bundesminister um Wee an de Plenum belästegt hunn, huet et net laang gedauert, bis kloer war, wie géif dohannert stiechen.

Wéi sech erausgestallt huet, haten zwee AfD-Deputéiert riets Youtube-Createure mat an d'Parlament geholl. An hunn déi dunn, ouni Begleedung, an de Raimlechkeeten ronderëmlafe gelooss. E Video-Ausschnëtt weist, wéi eng Fra op de Bundeswirtschaftsminister ariet, wärend deen op de Lift waart:

D'Belästegungen hunn um selwechten Dag stattfonnt, un deem d'Parlamentarier iwwer dat däitscht Infektiounsschutzgesetz ofgestëmmt hunn. Sécherlech keen Zoufall, schliisslech waren d'Corona-Mesuren fir d'Stéierer e grousst Theema.

D'Reaktiounen op dës Belästegungen hunn net laang op sech waarde gelooss. Parteiiwwergräifend gouf d'AfD schaarf kritiséiert. E puer Deeg méi spéit huet de Bundestag an engem groussen Debat iwwer d'Virfäll geschwat. Dobäi sot d'Parlamentarierin Britta Haßelmann vun de Gréngen: "Mir wäerten d'Parlament virun dësen destruktiven an anti-parlamentareschen Attacke schützen."

Eescht gemengten Excuse?

An d'AfD? Wärend ee vun de betraffenen Deputéierten demonstrativ um Handy gespillt huet, wärend iwwer d'Virfäll diskutéiert huet, koum vum Fraktiounschef Alexander Gauland eng Entschëllegung. Un der ironescher Reaktioun vum Plenum ass ze héieren, datt déi aner Deputéiert der AfD dës Entschëllegung net wierklech ofkafen. Datt d'Partei näischt vun de Pläng vu béiden Deputéiert wousst, schéngt onwarscheinlech. Momentan leeft nach eng Enquête an d'Belästeger musse mat juristesche Konsequenze rechnen.

Elo huet d'AfD awer béide Parlamentarier d'Recht am Plenum Rieden ze halen, entzunn - an domat tatsächlech emol eng konkret Reaktioun gewisen. Dës Mesure hellt, op d'mannst fir eng gewëssen Zäit, zumindest zwee Provokateuren déi parlamentaresch Bün.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Matthias Kirsch
Däitschland

D'Querdenken-Beweegung gëtt ëmmer méi zum Sammelbecke fir Verschwörungstheorien. Wat kann een dogéint maachen? A wie profitéiert politesch dovun?

Iwwer 5.000 sougenannte Querdenker, ënner hinne vill Rietsextremisten, Antisemittten a Verschwierungstheoretiker, , hunn ouni Mask an Ofstand demonstréiert Kommentar
Däitschland

Gëschter gouf am däitsche Bundestag d'Reform vum Infektionsschutzgesetz gestëmmt. Déi rietspopulistesch AfD huet dobäi eng ëmstridde Roll gespillt, si soll Demonstranten an de Bundestag geschleist hunn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen