CSV rekommandéiert Démissioun vun der Regierung

Foto (v.l.n.r.): Laurent Zeimet, Marc Spautz
Den CSV-Parteipresident huet no de Resultater beim Referendum fir d’Demissioun vun der Regierung a fir Neiwahle plädéiert. De Marc Spautz huet op Nofro hinn betount, datt d’CSV dëst net fuerdert, mee et un der Regierung wier déi richteg Konsequenzen ze zeien. Den CSV President huet Beispiller aus dem Ausland genannt, wéi Staats- oder Regierungscheffen no Néierlage bei Referendumen zeréckgetruede sinn.
Kritik gouf et dann och un Deeler vun der Zivilgesellschaft an Deeler vun der Presse (dorënner och d’Lëtzebuerger Wort), déi sech fir de “Jo” bei eenzelne Referendumsfroen ausgeschwat haten: “D’CSV louch vläit méi no um Bols vun de Lëtzebuerger wéi ons zougetraut gouf”, esou de Marc Spautz.
D’CSV bleift iwwerdeems bei hirer Propos fir d’Residenzklausel am Nationalitéitsgesetz vu siwen op fënnef Joer ze reduzéieren.
Déi ganz Declaratioun vum Marc Spautz virun der Presse: