CSV: Jean-claude Juncker gëtt Fraktiounschef

De Jean-Claude Juncker ass de Mëtten vun der CSV-Fraktioun an engem geheime Vote mat enger Géige-Stëmm zum neie Fraktiouns-President gewielt ginn. Bis déi nei Regierung steet, iwwerhëlt de fréiere Fraktiounschef Gilles Roth déi Funktioun. Soubal dann och de Nach-Infrastrukturminister Claude Wiseler an der Chamber vereedegt gëtt, soll hien President Adjoint vun der Fraktioun ginn : och  gouf et eng Géigestëmm. Aktuell waren just 21 vun den 23 Fraktiouns-Memberen: net do waren wéint Auslandsopenthalt de Luc Frieden an den Emile Eicher.

Zur Fro, wéi eng inhaltlech Schwéierpunkten d’CSV an der Oppositioun wéilt setzen, sot der Jean-Claude Juncker:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/JCJ-1.mp3"]

 

Huet de Jean-Claude Juncker wëlles 5 Joer Fraktiounschef ze bleiwen ?

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/JCJ-2.mp3"]

 

An de nächste Méint ass och e Partei-Kongress geplangt, wou di ënnerschiddlech CSV-Gremien nei besat ginn.

Oppel CSV

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen