CSSF: Agrément néideg fir Bitcoin-Servicer

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF huet eng éischte Kéier Präzisioune ginn iwwert déi sougenannt Bitcoins an aner virtuell Währungen. An engem Communiqué vun e Freideg schreift d’CSSF, datt d’Emissioun vun enger virtueller Währung net reglementéiert ass. Esou eng Währung hätt deemno awer och gewëss Risike fir d’Utilisateuren.

D’CSSF erënnert dann och, datt zu Lëtzebuerg kee kann eng Aktivitéit op der Finanzplaz ausüben, ouni Agrément vum Finanzministère an ouni vun der CSSF iwwerwaacht ze ginn. Vun dohier misste Leit, déi Interessi hätte Servicer am Beräich vu virtueller Währung unzebidden, hier Aktivitéit an hiren « objet social » kloer definéieren, fir datt d’CSSF ka festleeën ënner wéi engem Statut se kennen en Agrément kréien.

De Generaldirekter vun der CSSF, Jean Guill, gesäit d’Méiglechkeet, datt opgrond vum Know-How op der Finanzplaz och zu Lëtzebuerg d’Geschäft mat den ëmstriddene Bitcoins ka bedriwwe ginn: “Mee et muss ee wësse wéi een sech uleet, fir et och richteg ze maachen”.

Detailer am Interview vum Gil Goebbels mam Jean Guill:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen