Covidcheck CovidCheck keen operationellen Impakt op Luxair

De Gilles Feith, Direkter vun der Luxair, hat dofir gewarnt, datt de Covidcheck en Impakt op déi lafend Operatioune vun der nationaler Fluchgesellschaft kéint hunn. Den OGBL confirméiert, datt den éischte Méindeg nom Aféiere vum 3G-Regime an de Betriber roueg ofgelaf ass, an datt et net zu gréisseren Ausfäll vu Personal komm wier.

Isabel Scott / rb

Fliger Luxair landen
E Fliger vun der Luxair. Foto: Bigstock / Soos Jozsef

Och bei der Luxair si keng zousätzlech Problemer duerch de CovidCheck entstanen, seet de Gilles Feith, Direkter vun der Luxair. Déi national Fluchgesellschaft hat am Virfeld virun engem CovidCheck-bedéngten operationellen Impakt gewarnt, dat well bal 40 Prozent vun de Salariéeën hire Covid-Status net beim Employeur deklaréiert haten.

Zu engem gréisseren Ausfall vu Salariéeë wier et awer net komm, seet de Gilles Feith. Den Absenteismus wier duerch de CovidCheck net an d'Luucht gaangen. Den Taux vun den Absencë bei der Luxair géif tëschent 10 an 13 Prozent leien, preziséiert de Gilles Feith:

"Eisen Absenteismus ass extrem héich - vill ze héich. Et ass e generelle Problem bei der Luxair, wou mir spéider dono musse kucken. Deen ass elo accentuéiert duerch den Effet vum Covid, mee de CovidCheck u sech huet den Absenteismus net wierklech an d'Luucht gedriwwen."

Méi zum Thema

Gilles Feith
3G op der Aarbecht

D'Luxair konnt ëm d'Chrëschtdeeg all d'Vollen assuréieren. De Gilles Feith ass optimistesch, datt dat och am Januar de Fall wäert sinn. An aneren Aktivitéitsberäicher vum Grupp Luxair maachen d'Krankeschäiner an den 3G awer Suergen.

Gilles Feith
National Airline

D'Luxair wëllt weider un hire Kuerzstreckeflich festhalen, esou laang et op deene Strecken keng Zuchverbindunge ginn, déi en änleche Confort bidden, sou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen