Impfcampagne Covid-Impfung fir Kanner: Lëtzebuerg kritt am Dezember 18.000 Dosissen geliwwert

Lëtzebuerg hätt d'Zouso vu Pfizer-Biontech fir am Laf vum Dezember 18.000 Dosisse Covid-Impfstoff fir Kanner geliwwert ze kréien, esou de Luc Feller, Haut Commissaire à la Protection Nationale.

Vesna Andonovic / tt

Impfung Covid-19 zu Lëtzebuerg
Foto: Anthony Dehez / EC

D'logistesch Organisatioun wier laut dem Responsabele fir d'Impfcampagne gréisstendeels en place. D'Impfung soll à priori bei de Pediateren an den Doktere sinn. Et géif een awer "en fonction vun der Demande" net ausschléissen an all Impfzenter eng oder zwou exklusiv Reie fir Kanner opzemaachen.

Een Drëttel vun enger Erwuessenen-Dosis fir d'Kanner

Fir datt d'Impfung fir Kanner tëscht 5 an 11 Joer och hei am Land kann ugebuede ginn, muss awer fir d'éischt d'europäesch Medikamentenagence EMA gréng Luucht dofir ginn. Et gëtt domat gerechent, datt déi Decisioun nach dës Woch fält. An den USA an an Israel gëtt den Impfstoff och elo scho bei Jonken ënner 12 Joer agesat.

Kanner kréien en Drëttel vun enger Erwuessenen-Impfdosis. D'Donnéeën aus Amerika géinge weisen, datt de Vaccin bei hinnen eng ganz héich Effikassitéit hätt, erkläert d'Isabel de la Fuente, Doktesch an der Kannerklinik a Member vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses. Si kann d'Eltere berouegen, déi Ängschten hätten, hiert Kand géint Covid-19 impfen ze loossen:

"Avec les vaccins ARN quand-même on est dans des vaccins très sécuritaires. Et non, effectivement dans les presque 2.000 enfants qui se sont vaccinés, il n'y a pas eu d'effet indésirable grave."

De Covid-Infectiounstaux bei Kanner ënner 12 Joer wier den Ament extrem héich, meeschtens hätten si awer kee schwéiere Krankheetsverlaf, esou nach d'Isabel de la Fuente. Fir d'Kanner ze schütze wier deemno elo virun allem ganz wichteg, datt esou vill Erwuessener ewéi méiglech geimpft wieren, ënnersträicht d'Doktesch aus der Kannerklinik.

Méi zum Thema

Luc Feller
Impfcampagne

De Méindeg si ronn 41.000 Invitatioune fir déi sougenannte Booster-Impfung mat der Post erausgaangen. Jiddwereen iwwert 18 Joer kritt no sengem kompletten Impfscheema deemnächst esou eng Opfrëschungsimpfung ugebueden.

Alain de Bourcy
Covid-19

Dem Apdikter-Verband no mussen eng Partie Modalitéite gekläert ginn, ier d'Covid-19-Impfcampagne an den Apdikte ka starten. Ënner anerem wier eng Formatioun néideg, esou den Alain de Bourcy, fir datt d'Apdikter déi selwecht Reflexer hunn wéi e Medezinner.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen