Fir de Confinement ze iwwerbrécken, fir de Kontakt mat de Mënschen, mat sengem Public net ganz ze verléieren, hunn d'Philharmonie an och vill Chéier a Museksveräiner uechter d'Land déi sozial Medien als Plattform genotzt.
"Dat kann awer keen Ersatz si fir den direkte Kontakt mat de Leit", soen de Patrick Coljon, Manager vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, an den Tim Kleren, Dirigent vun de Museken zu Mensder an zu Rouspert.
Musek brauch Public, d'Gesellschaft brauch Musek
Dat Schwieregst an deene leschten dräi Méint war et, d'Museker ze motivéieren, hinnen d'Gefill ze ginn, datt si nach ëmmer zu engem Ensembel gehéieren.
D'Membere vum Philharmoneschen Orchester si Beruffsmuseker a prouwe reegelméisseg, fir technesch a musikalesch fit ze bleiwen. Awer och fir si war et net einfach, sech ze preparéieren, ouni een Zil virun Aen ze hunn.
Dat gëllt ëmsou méi fir d'Membere vun deenen 291 Veräiner, déi an der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) federéiert sinn. "Eng Partie Veräiner fäerten ëm hir Existenz. An deene leschte Méint gouf et keng Recetten, an elo stellt sech déi grouss Fro, verléieren ech Memberen, déi keng Loscht méi hunn oder einfach fäerten?", seet den André Heinen aus dem Verwaltungsrot vun der UGDA.
Datt d'Gesellschaft Musek brauch, weist sech um Succès vun den éischten Hämmelsmärsch, déi antëschent nees waren. D'Leit hätten op hir Musek gewaart.
Och an der Philharmonie confirméiert sech dësen Androck. Déi wéineg Billjeeë fir den éischte Concert vum OPL en nächsten Donneschdeg (25. Juni um 19.00 live um radio 100,7) waren eenzock fort.
Deconfinement mat Restriktiounen
Den Deconfinement ass een éischte Schrëtt an eng soi-disant Normalitéit mat ville Restriktiounen, déi d'Philharmonie virun allem logistesch fuerderen: d'Ofstandsreegel op der Bün an am Sall muss agehale ginn, wat Repercussiounen op de Programm huet, well Wierker mat grousser Besetzung d'Office ewechfalen. Et ass keng Paus wärend de Prouwen an dem Concert, a fir d'Museker an hir jeeweileg Instrumenter gëllen nach emol speziell Hygiènesreegelen.
Fir déi lokal Museksveräiner maachen d'Recommandatioune vum Kulturministère (Ofstand, all véierel Stonn gutt lëften, Mondschutz ... ) e gereegelte Prouwen - a Veräinsbetrib quasi onméiglech. Derbäi kënnt, datt et an de Gemengen ënnerschiddlech Spillreegele gëtt. Iwwerdeems op verschidde Plazen den Zougang zum Proufsall ënner Konditiounen erlaabt ass, huet d'Stad Lëtzebuerg sämtlech Veräinslokaler bis den 1. Oktober zougemaach.
Well vill Infrastrukturen nach net disponibel sinn, huet d'UGDA all hir Jugendaktivitéite fir de Summer ofgesot.
Dirigent als Rassembleur
"Als Dirigent vun enger Musek sinn ech am Ament virun allem als Motivateur gefuerdert", explizéiert den Tim Kleren. Dobäi kënnt dann och nach de musikalesche Relancement no dräi Méint ouni Prouf.
Deen huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg antëschent hanner sech, och wann e sech nach un déi aktuell Konditiounen - virun allem klanglech - muss gewinnen.
Ongewëss Rentrée
An e puer Woche fänkt d'grouss Vakanz un, den ultimativen Test, ob sech weider un d'Hygiènesreegele gehale gëtt oder een am September nees bei Null ufänkt.
Dëst Damoklesschwäert hänkt och iwwer dem Museksliewen. D'Philharmonie huet e Plang B, wëllt awer de Summer ofwaarden an dann d'Situatioun analyséieren. Gëtt et weider Schrëtt am Deconfinement? Komme Solisten, wa sI wëssen, datt si virun engem Sall spillen, dee just zu engem Véierel besat ass? Wéi gesäit et mat den amerikaneschen Orchesteren aus?
Fir d'Museksveräiner stellt sech d'Fro, wéini se iwwerhaapt een éischte Concert däerfen a kënne spillen. Fir Rendez-vousen am Hierscht an am Wanter gëtt et am Ament nach ze vill Inconnuen, déi eng konkret a sécher Preparatioun bal onméiglech maachen.
Och der UGDA hire Concours pour Jeunes Solistes am November muss stänneg neie Realitéiten ugepasst ginn. Fest steet bis elo, datt de Concours ass an datt d'Diplomiwwerreechung net an der gewinnter Form ass, dofir sinn ze vill Leit zesummen op der Bün vum Stater Conservatoire.