No provisoreschen Agrément fir Orpea Corinne Cahen: Kontrolle vun Orpea virgesinn

En Altersheem vum Groupe Orpea dierf zu Märel seng Dieren opmaachen. Haut koum den Agrément Provisoire vum Familjeministère. D'Mëssstänn, déi am Buch "Les Fossoyeurs" opgedeckt goufe maache ville Leit Suergen. D'Ministesch Corinne Cahen ass awer zouversiichtlech.

Sophie Schroeder / cz

Orpea
Foto: Bigstock / Ocean Production

Lauschteren


Wärend den ëmstriddene Konzern an de leschten Deeg schonn erëm an der franséischer Press wéinst Skandaler present war, krut Orpea elo eng virleefeg Erlabnis, fir och hei zu Lëtzebuerg eng Struktur opzemaachen.

Wat de Journalist Victor Castanet ugangs des Joers beschriwwen huet klengt schrecklech: net genuch Personal, net genuch Iessen an d'Residenten an den eegenen Exkrementer sëtze gelooss. Fir datt dat hei zu Lëtzebuerg net geschitt, sollen eng Rei Kontrolle vum Ministère a vun der Assurance Dépendance duerchgefouert ginn.

"Do gëtt et en Personalschlessel. Do gëtt dann och gesot dass d'Personal en B1-Niveau am Lëtzebuergeschen muss hunn no enger gewësser Zäit."

D'Gesetz géif och virgesinn, datt 40 Prozent vum Personal Formatiounen an de Beräicher Palliativmedezin a Psycho-Gériatrie musse maachen.

Obligatoreschen Ethikrot

Wichteg ass dem Familljeministère och, datt all d'Decisiounen am Altersheem hei zu Lëtzebuerg onofhängeg vum franséische Konzern geholl ginn. D'Familljeministesch ass zouversiichtlech, datt an der Struktur hei zu Lëtzebuerg uerdentlech geschafft wäert ginn. Allgemeng soll sech an den Altersheemer hei am Land méi ëm den ethesche Volet gekëmmert ginn, sou nach d'Corinne Cahen. Dofir soll an all den Haiser en Ethikrot obligatoresch ginn.

Wann d'Personal d'Konditioune vun de Formatiounen erfëllt kéint d'Haus an engem Joer den definitiven Agrément kréien. Mee och da solle weider Kontrollen duerchgefouert ginn. Wéini genee d'Altersheem zu Märel opmécht a fir wéi vill Pensionäre Platz ass, konnt Orpea nach net soen.

Méi zum Thema

Orpea
Altersheemer

Fir de Moment kritt de franséische Grupp Orpéa keen Agrement fir de CIPA zu Mamer ze bedreiwen. De Grupp war an engem Skandal verwéckelt, wou Mësshandlungen an hiren Altersheemer opgedeckt goufen.

Orpea
Weider Revelatioune vu Mediapart

De franséische Grupp Orpéa deen honnerte vun Altersheemer bedreift geréit ëmmer méi an e schlecht Liicht: E Mëttwoch huet Investigate Europe en Artikel verëffentlecht, deen op doutéis Finanzpraktiken hiweist.

Symbolbild Alters- a Fleegeheem
Fleegesecteur

Zu Lëtzebuerg ginn déi konventionéiert Alters- a Fleegeheemer eemol d'Joer kontrolléiert. Dës Kontrolle sollen deemnächst awer e gutt Stéck méi wäit goen: all fënnef Joer sollen et zousätzlech Kontrolle ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen