Confirmatioun: Luc Frieden trëtt aus Chamber zeréck
De Luc Frieden trëtt als CSV-Deputéierte zeréck a gëtt Vize-President vum Grupp “Deutsche Bank”. Hien trëtt seng nei Funktioun de 15. September zu London un, esou d’Deutsche Bank an engem Communiqué.
Vu Säite vun der CSV gëtt de Récktrëtt vum Luc Frieden aus der Politik bedauert. D’CSV wënscht him vill Gléck a sengem neie Beruff a seet him Merci fir säin Engagement an der Partei.
Den designéierten CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet am 100,7-Interview de Mëtteg präziséiert, datt de Luc Frieden vu September un, net méi an der Chamber wert sinn, well hien d’Offer vun der Deutschen Bank kritt huet,… an déi Offer ugeholl huet.
Éischt Kandidatin am Wahlbezierk Zentrum fir op de Krautmaart nozeréckelen, ass d’Tessy Scholtes: déi fréier Sportlerin war den 20. Oktober bei de Chamberwahlen op déi 9. Plaz op der CSV-Zentrums-Lëscht gewielt ginn.
De Luc Frieden war Éischtgewielte virum Claude Wiseler. De Luc Frieden war tëscht 1998 an 2013 Minister, ënnert anerem an de Ressorte Justiz, Finanzen a Budget. Virun 20 Joer ass de forméierte Jurist fir t’éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn.