Commentaire: Awer kee Referendum iwwer Kierchenfinanzéierung

Den Accord tëschent der Regierung an der kathoulescher Kierch iwwer d’Relatiounen tëschent Kierch a Staat steet also. Och wann et vu Regierungs-Säit heescht, et missten nach Detailer gekläert ginn, esou huet de Spriecher vun der kathoulescher Kierch, Roger Nilles, hei op der Antenne scho gesot, elo missten d’Gremien doriwwer befannen. Dass et also en Accord gëtt, dorobber deiten och Aussoen hin, dass d’Fro iwwer d’Kierchefinanzéierung net méi am Juni soll per Referendum gestallt ginn. Dozou e Commentaire vum Gil Goebbels :

 

Während den LSAP-Fraktioun’s-Chef schonn ugedeit huet, dass déi Fro fale gelooss gëtt, hält d’Regierung sech gedeckt. Vu Regierungs-Säit heescht et, et wär un der Chamber ze decidéieren. Mais wéi eng Fro géif d’Chamber dann am Fall vun engem Accord stellen ? Et gëtt eigentlech nëmmen eng Méiglechkeet, nämlech si stellt d’Fro, ob d’Leit mam Accord tëschent der Regierung an der kathoulescher Kierch averstan sinn. Géif eng Majoritéit dann ieren dogéint stëmmen, da wär dat e politeschen Desaster. En Accord schléisst also de facto d’Fro am Referendum aus.

Et ass jo och net nëmmen en Accord tëschent der Regierung an der Kierch, mais och en Accord mat der CSV. Vun hier gëtt verlaangt, dass se sech ëffentlech fir den Accord ausschwätzt an d’Verfassung’s-Ännerung, fir déi eng Zwee Drëttel Majoritéit néideg ass, mat stëmmt. D’CSV, genau wéi d’Kierch, evitéieren e Referendum bei deem de läschte Sondagen no méi wéi 60 Prozent sech géint eng Finanzéierung duerch de Staat ausgeschwat hätten.

Elo muss d’Regierung de Reproche iwwert sech ergoen loossen, si géif et awer net esou eescht mengen mat der ugekënnegter Participatioun vun de Bierger. D’Opreegung schéint e bësse kënschtlech, well déi déi elo kritiséieren déi nämlecht sinn déi eng finanziell Trennung wëllen.

D’Regierung ass allerdéngs elo gefuerdert fir en Accord an deem Sënn ze presentéieren, deen opmannst esouwäit geet wéi dat wat een mat der Referendum’s-Fro erreeche wollt.

Positiv ass deemno, dass am Referendum am Juni eigentlech just nach eng wichteg Fro dominéiere wärt, nämlech déi vum Auslännerwahlrecht, an d’Debatt sech dorobber konzentréiere kann.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen