CNPF: de "Service recouvrement" huet séng Arbecht opgeholl
D’Kannergeldkeess huet ugefaangen al Dossieren opzeschaffen: Leit déi Suen ze vill oder zu Onrecht iwwerwise kruten, mussen dës Zomme lo zeréckbezuelen. Concernéiert sinn d’Dossiere vum Joer 2000 un.
Déi eigentlech Verjährungsfrist fir de Recouvrement läit bei 30 Joer. Där ganz aler Dossiere vu virun 2000 ginn awer den Ament keng opgeschafft.
Nom Organigramm vun der Kannergeldkeess aus dem Joer 2011, ass decidéiert ginn, datt een e "Service recouvrement" bréicht fir Suen déi ze vill oder zu Onrecht bezuelt goufen, zeréckzekréien. Deen Service ass virun annerhallwem Joer gegrënnt ginn an huet elo ugefaang Suen zréckzefroen.
Bis dohin hätt ee weder déi informatesch nach déi personell Ressourcë gehat fir e Recouvrement ze assuréieren, sou d'Myriam Schank, Presidentin vun der Kannergeldkeess.
Lauschtert de ganze Bäitrag vum Daniel Schneider:
Den Ament gëtt et eisen Informatiounen no Fäll vu Leit, déi Problemer hunn Suen zréckzebezuelen, déi se ugefrot hunn, zougesprach kruten, ausginn hunn an elo deelweis bis zu 15 Joer méi spéit zeréckbezuele mussen. D’Kannergeldkeess kéim de Leit, déi Problemer hunn, d’Suen zréckzebezuelen, awer entgéint. D'Zommen kënnen och an Tranchen zréckbezuelt ginn, sou d’Myriam Schank.