Dateschutz CNPD kritiséiert Projet fir Police-Fichier

D'Dateschutzkommissioun CNPD ass a ville Punkte kritesch, wat de Projet de Loi ugeet, fir de Fichier central vun der Police ze encadréieren. Den Accès vun der Police géif mam Projet op d'Datebanke vun aneren Administratiounen ausgebaut ginn. Och déi aner Fichiere vun der Police bräichten eng spezifesch gesetzlech Basis. An d'Konsultatiounsmotiver misste kloer novollzéibar sinn - wat am Projet de loi net virgesinn ass.

Michèle Sinner / cbi

Illustratioun Datebanken Police
Symbolbild. Foto: Bigstock / Laymanzoom

Am Januar haten de Policeminister Henri Kox an d'Justizministerin Sam Tanson en Projet de loi virgestallt, mat dem de Fichier central vun der Police gesetzlech encadréiert sollt ginn. Dat begréisst déi national Dateschutzkommissioun prinzipiell, seet de de Commissaire Thierry Lallemang:

"D'Constitutioun, an déi europäesch Texter - a virun allem - déi europäesch Jurisprudenz, déi soen, e Gesetz muss eng gewëssen Qualitéit, Previsibilitéit, a Prezisioun hunn. An do hunn mer fonnt, dat wat eben 2018 do war, datt dat net prezis genuch war, fir dee Genre vu Fichier."

Bei der Police gëtt et awer net just de Fichier central, mee eng ronn 50 aner Fichieren, an déi stinn net am Gesetz, esou den Thierry Lallemang:

"Wéi lo d'Fotoen oder d'Empruntes digitales - verschidde Gesetzer bestinn och fir verschidden Traitements particuliers - awer fir anerer net, an do misst gekuckt ginn, datt déi och géifen en Encadrement législatif kréien, fir déi wou et noutwenneg ass."

Accès op aner Datebanken

D'CNPD ass och kritesch, wat den Zougang vun der Police op d'Datebanken vun aneren Administratiounen ugeet. Dee gëtt mam Projet de loi ausgeweit. Well Datebanken derbäi kommen, notamment den zentralen Bankkontenregëster. Mee och well de Projet virgesäit, de Policemataarbechter direkten Zougrëff op déi Datebanken ze ginn, seet den Thierry Lallemang:

"Ech huelen als Beispill de Fichier vun de Steieren. Kann ech do lo eragoen an alles duerchsichen. Oder maachen ech eng informatesch Demande , dat heescht ech hunn e spezifesche Fall an da froen ech un, an dann à la limite, well d'Gesetz mer erlaabt, Accès op dee Fichier ze hunn, kréien ech déi Informatiounen, mee dat ass dann punktuell sur demande."

Am aner Fall géifen soss och déi aner Administratiounen d'Kontroll iwwert hir Donnéeën verléieren. Derbäi kënnt, datt am Projet steet, d'Police kéint deen Zougang fir administrative Zwecker benotzen, also net fir Policeaarbecht, mee wéi an de Commentaires des articles steet, zum Beispill am Kader vun de Ressources humaines. Dat wier als Ursaach net nozevollzéien, seet den Thierry Lallemang, d'Finalitéit wier disproportionéiert a misst am Fong gestrach ginn.

Consultatioune begrënnen

Eng aner Suerg sinn d'Motiver, déi d'Police muss bei der Consultatioun vum Fichier central uginn, an do fënnt d'CNPD, datt et net duer géif goen als Motiv "Mission de Police administrative" unzeginn. Sou steet et awer am Projet, datt sech d'Motiv fir eppes am Fichier ze sichen draus géif erginn, wéi engen Unitéiten d'Beamten ugehéieren. D'CNPD mengt, datt et kee Problem misst si fir e puer Wierder anzeginn, wéi zum Beispill eng Dossiersnummer.

Dat wier wichteg fir ze kontrolléieren, datt d'Polizisten de Fichier just fir hir Aarbecht consultéieren, esou den Thierry Lallemang.

"Dat muss awer schonn retracabel sinn, firwat ech et gekuckt hunn. Et ass am Fong fir Abusen virzegräifen, datt ech net einfach emol aus Virwëtz kucken ginn, aus private Grënn oder soss anere Grënn."

D'CNPD gesäit och nach Klärungsbedarf, wat d'Fristen fir d'Datespäicherung ugeet. D'Informatiounen am Fichier central sollen zéng Joer am "aktiven" Deel vum Fichier bleiwen an dann an engem "passiven" Deel mat méi limitéierten Zougangsrechter weider 30 Joer gehalen ginn - mee mat wéinegen Ausnamen net geläscht ginn, souguer no Fräisprech virun Gericht. An hirem Avis hat d'CNPD geschriwwen, d'Rechter vun de Leit, déi viru Gericht fräigesprach goufen, missten besser geschützt ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Michèle Sinner Kommentar
Chronik

Ee vun de Prinzippie vun eisem Rechtsstaat gëtt mam neie Projet de loi definitiv begruewen: nämlech deen, datt een onschëlleg ass, bis de Géigendeel bewisen ass, mengt d'Michèle Sinner.

Stefan Braum
Policedatebanken

De Projet de loi fir d'Policedatebanke gëtt den europäeschen Datenschutzufuerderungen net gerecht, mengt den Droitsprofesser Stefan Braum. De Gesetzesprojet géif der Police e grousse Spillraum loossen.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen