Datebanke bei Justiz a Police Chamber: Onkloer ob ëmstridden Datebanken nei gereegelt ginn

An de leschte Woche sinn eng Rei Froen doriwwer opkomm, fir wéi eng Zwecker Datebanke vu Police a Justiz benotzt ginn, a wat hir legal Basis ass. D'Oppositiounsparteie sinn enttäuscht iwwer d'Äntwerte vun der CNPD. D'LSAP hält Nobesserunge vun der gesetzlecher Basis fir néideg. Fir d'CSV ass net d'Gesetz problematesch, mee d'Benotze vun de Fichieren an der Praxis.

Stephan Polet / cz

Illustratioun Datebank maxxyustas
Foto: Bigtstock / maxxyustas

An de leschte Woche sinn eng Rei Froen doriwwer opkomm, fir wéi eng Zwecker Datebanke vu Police a Justiz benotzt ginn a wat hir legal Basis ass. D'CNPD-Presidentin Tine Larsen war dofir de Mëttwoch an enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune fir Justiz a bannescht Sécherheet geluede ginn.

D'Deputéiert hate vill Froen, op déi si sech vun der Presidentin vun der Dateschutzkommissioun eng Äntwert erwaart hunn. Den ADR-Deputéierte Roy Reding resuméiert d'Froen, déi de Mëttwoch an der Chamberkommissioun gestallt goufen, esou.

"Fann Dir et normal, datt et eng Datebank gëtt, wou 2.000 Leit Zougang drop hunn a wou allméiglech Informatiounen iwwer Mënsche gespäichert ginn, ouni datt déi et wëssen? Fann Dir et normal, datt do Informatioune sinn, iwwer Bierger, déi ni ugeklot gi sinn, wou d'Affär verjäert ass, et ni zu enger Uklo komm ass? Fann Dir et normal, datt do Donnéeë vu Mineuren dra sinn? A fann Dir et normal, datt déi Daten éiweg laang gehale ginn?"

CNPD-Rapport hat schonn 2013 op Problemer opmierksam gemaach

D'Dateschutzkommissioun CNPD ass zanter leschtem Joer offiziell fir d'Kontroll vun den Datebanken bei der Police zoustänneg. No der Kommissiounssëtzung gëschter waren d'Deputéiert awer net rassuréiert. Hien hätt d'Impressioun gehat, wéi wann d'CNPD éischter eppes wéi e staatleche Service wier, wéi eng onofhängeg Instanz, seet den Gilles Roth. "Op all eis konkret Froen krute mir keng eng Äntwert. Dat sinn awer Froen, déi de Bierger an d'Réckemuerch vu senger Privatsphär treffen", sou den CSV-Deputéierten.

Déi fréier Kontrollautoritéit hat an engem Rapport 2013 geschriwwen, datt et eng Rei Problemer mat dem Traitement vum Fichier central bei der Police gëtt. Op dës Problemer an Tëschenzäit behuewe goufen, ass net kloer.

Gilles Roth: "D'Gesetz ass net de Problem, mee d'Aart a Weis, wéi Fichieren ugeluecht ginn"

D'Gesetz hätt, wéinst de Chamberwahlen am Oktober missten 2018 gestëmmt ginn, sou de Gilles Roth. "Et konnt een net dovun ausgoen, datt dat virum Dezember géif soss gestëmmt ginn. Dat wiere sechs Méint gewiescht, bei engem sou wichtegen Thema wéi dem Dateschutz. Dofir huet dat nach misse gestëmmt gi virdrun."

Fir den CSV-Deputéierte Gilles Roth ass net d'Gesetz vun 2018 de Problem, mee de Fait, datt an der Praxis bei der Police Fichieren ugeluecht géife ginn, déi net dësem Gesetz entspriechen.

Alex Bodry: "Hate gehofft [...], datt Problemer geléist wieren"

Anerer Meenung ass do den Alex Bodry, dee seet, datt een d'Gesetz misst upassen. Hei hätt d'Parlament an der Vergaangenheet net gutt genuch geschafft.

Eng zentral Fro bleift och déi, wéi eng rechtlech Basis de Fichier central vun der Police huet. Zanter 2002 géif ee wëssen, datt et bei der Police eng Rei Datebanke géif ginn, déi rechtlech net genuch ofgeséchert sinn, seet den Alex Bodry. "Mir hate gehofft, datt mam Gesetz vun 2018, wat mat breeder Majoritéit ugeholl gouf, all d'Problemer geléist gi wieren."

An deem Gesetz vum éischten August 2018 sinn awer just allgemeng Reegele fir esou Datebanke festgeluecht. Et bleift dem jeeweilege Responsabele vun enger Datebank iwwerlooss ze entscheeden, wéi laang Donnéeë gespäichert ginn. E Punkt, deen d'Dateschutzkommissioun deemools schonn an engem Avis zum Gesetz kritiséiert huet. Dat war an der Debatt deemools awer scheinbar ënnergaangen.

De Parquet kommunizéiert e Freideg

Oppe Froe ginn et och bei den Datebanke vun der Justiz. Ursprong vun der ganzer Diskussioun war jo de Fall vun engem jonke Mann, dee während engem Virstellungsgespréich beim Parquet Faiten aus senger Vergaangenheet virgeluecht krut, obwuel säi Casier judiciaire eidel war. An enger nächster Etapp sollen dofir Membere vun der Autorité de Contrôle judiciaire an d'Chamber zitéiert ginn. De Parquet général huet eng Pressekonferenz fir e Freideg ugekënnegt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Kommentar
Fichier Central

Et gouf vill Polemik iwwer eng Datebank vun der Police. D'Manéier, wéi d'ëffentlech Debatt mat ville Spekulatioune geféiert gëtt, bréngt dem Dateschutz an der Privatsphär wéineg, mengt de Jean-Claude Franck.

Gilles Roth, Charles Margue, François Benoy, Félix Braz
Fichier Central

Bei de Froe ronderëm d'Datebanke vu Police a Parquet verlaangt d'Oppositioun Opklärung. D'Ministere François Bausch a Félix Braz verspriechen Transparenz. Nach sinn net all Froe beäntwert.

François Bausch
Fichier Central

De Fichier central vun der Police huet eng legal Basis, seet de Policeminister François Bausch. Hien hätt d'IGP an d'Dateschutzkommissioun gefrot fir z'analyséieren, "ob mir näischt iwwersinn hunn".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen