No interne Problemer CNA kritt en neien Direkter

Den CNA soll d'nächst Joer en neien Direkter kréien. Den aktuellen Direkter Paul Lesch wéilt keen zweet Mandat als Direkter vum Centre national de l'audiovisuel, esou de Kulturministère viru Minutten an engem Communiqué.

Jean-Claude Franck / cbi

CNA

Dem Paul Lesch säi Mandat geet bis Februar 2023. Hie géif awer op Demande vun der Kulturministerin Sam Tanson den Interim maache bis en Nofollger fonnt wier, heescht et.

Wéi mir dat am Mäerz dëst Joer gemellt haten, war de Paul Lesch intern ëmstridden. Zanter dem leschte Joer gouf et eng Mediatioun fir tëscht der Direktioun an Deeler vum Personal ze vermëttelen.

Kritik gouf et un der Manéier, wéi den Direkter d'Digitaliséierung an d'Zesummeleeë vun den Archive vum CNA geréiert huet. D'Mediatioun ass dono gescheitert, an et gouf e Comité d'accompagnement agesat.

De Paul Lesch kritt och eng nei Tâche, wéi de Kulturministère präziséiert. E gëtt Commissaire vun den Edward Steichen-Kollektiounen. Domat wier de Paul Lesch dann zoustänneg fir d'Recherche ronderëm d'Wierk vum international renomméierte Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen.

Reporter.lu hat iwwerdeems gemellt, datt eng fréier Direktiounssekretärin vum CNA virun engem Mount zu 18 Méint Prisong op Sursis condamnéiert gouf well se vun 2010 bis 2020 Suen aus der Keess vum CNA detournéiert hätt.

Méi zum Thema

CNA
Weider Déck Loft

Nom Echec vun der Mediatioun am CNA zu Diddeleng setzt d'Regierung e commission d'accompagnement an. Dës Kommissioun kritt Abléck an all d'Dokumenter, déi de CNA betreffen, a kann och Aarbechtsgruppen asetzen.

CNA Exklusiv
100,7-Recherche

Zanter November 2021 leeft am CNA eng Mediatiounsprozedur fir intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun ze reegelen. D'Mediatioun huet bis elo net gehollef fir déi intern Suergen ze berouegen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen