arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng offiziell Demarche fir Koalitioun

CSV an ADR

|
reading time

4 min

Keng offiziell Demarche fir Koalitioun

Virun de leschte Wahle gouf et keng offiziell Demarche vun der CSV fir eng Koalitioun mat der ADR, seet de CSV-Fraktiounschef. Dem Claude Wiseler no ginn et grouss politesch Differenzen tëscht beide Parteien. Haut géing si nach genee esouvill vuneneen trenne wéi deemols, wéi d'CSV an der Regierung war. Seng eege Partei situéiert hien “an der Mëtt vun de Leit”.

reading time

4 min

"Ech weess net, vu wat den Här Kartheiser schwätzt", reagéiert de Claude Wiseler op Aussoe vum ADR-Deputéierten. Deen huet a engem 100,7-Interview gesot, virun de leschte Wahle wär d’CSV un d’ADR erugetrueden, en vue vun enger eventueller Regierungs-Koalitioun. Eng ganz wichteg Perséinlechkeet vun der CSV hätt deemools d’ADR kontaktéiert.

Den CSV-Fraktiounschef seet awer, weder d'Partei, nach offiziell Vetrieder, hätten esou eng Initiativ geholl. Dem Claude Wiseler no wier "de Rescht och net wichteg".

D’CSV hätt virun de leschte Wahle keng Koalitiounsaussoen a keng Koalitiounsofkommen ausgemaach. "Dat wäert 2018 och net de Fall sinn", esou de Claude Wiseler, dee sech net op Spekulatioune wéilt aloossen.

Ënnerscheeder tëscht CSV an ADR

Ganz vill géing d’ADR vun der CSV trennen. An der Europapolitik an an der Gesellschaftspolitik hu béid Parteie ganz aner Meenungen, sou den CSV-Fraktiounschef. “Haut trennt d’CSV genee esouvill vun der ADR, wéi déi Zäit, wéi d’CSV an der Majoritéit war”. Deemools hätt d’ADR d’CSV jo och ëmmer ganz massiv kritiséiert.

Op d’Fro, ob d’CSV méi riets ginn ass, ass et d’Äntwert: “Dir maacht Är Interpretatiounen”. D’CSV wëilt sech positionéieren op Froen, déi de Leit um Häerz leien. Do wéilt ee kloer Wierder, Positiounen an Alternativen op den Dësch leeën.

"An der Mëtt vun de Leit"

Reprochen, datt d’CSV sech méi no riets am politesche Spektrum beweege géing, weist den CSV-Politiker vu sech. D’CSV géing sech net d’Recht huele loossen, déi Froen unzeschwätzen, déi d’Leit géingen interesséieren. D’Froen, déi de Leit um Häerz leien, wären Zukunftsfroen. Froen iwwert déi finanziell Situatioun vum Land a Froen iwwert d'Situatioun vun de Réfugiéen zu Lëtzebuerg. Dorobber wéilt een Äntwerte ginn. Den Dialog mat de Leit wär wichteg.

Wou situéiert sech d’CSV am politesche Spektrum vu riets no lénks? “An der Mëtt vun de Leit”, seet de Claude Wiseler.

De ganzen Interview vum Mick Entringer mam CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler: