National Politik Claude Lamberty: "Verschidde Ministèrë bremsen Autorisatiounen"

An der Walcampagne 2018 hat de Claude Lamberty gesot, datt et der DP "virun allem ëm d'Mënsche" géif goen, wärend déi gréng d'Fliedermais géifen an de Mëttelpunkt stellen. Och haut géifen nach verschidde Ministèrë verschidden Entscheedunge bremsen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Claude Lamberty
De Claude Lamberty ass fir Joëlle Elvinger an d'Chamber nogeréckelt.

Hie wier der Meenung, datt souwuel d'DP wéi och déi aner Majoritéitsparteien "un engem Strang" géifen zéien, mee verschidde Ministèrë géife Prioritéite ginn, déi "éischter bremsen". De Claude Lamberty wollt op Nofro hin net méi genee ginn, wéi eng Ministèren hie konkret mengt.

"Dat, wat ech deemools wollt soe mat dem Sproch, dat ass wann een elo, beispillsweis, de Raum Miersch kuckt: Do war d'lescht Woch déi Vëlospist am Gespréich, well do eng Autorisatioun gefeelt huet. Do muss ee soen, et ka jo net sinn, datt mer eppes wëlle maachen, an datt eppes schonn autoriséiert ass, an dann am Nachhinein feelt eng Autorisatioun. Et ass eben dat, wou d'Leit dann och heiansdo - soen ech mol - sech méi schwéier domat di fir dat ze verstoen. Mir wëllen, datt esou wéineg Bürokratie wéi méiglech ass, datt een esou séier wéi méiglech weiderkënnt."

Claude Lamberty: Frou nees aktiv kënnen ze hëllefen

De Claude Lamberty seet, hien hätt net laang gezéckt, wéi d'Méiglechkeet bestoung fir d'DP an d'Chamber nozeréckelen. D'Joelle Elvinger hätt him schonn am Laf vum leschte Joer ugedeit, datt si d'Chamber eventuell verléisst, esou de Claude Lamberty. Elo ass hien nees Deputéierten, obwuel et bei de Walen net direkt duergaange war.

De Walowend wier engersäits fir hie perséinlech enttäuschend gewiescht, well hien net genuch Stëmme krut fir direkt an d'Chamber ze kommen. Op där anerer Säit hätt d'Dräierkoalitioun weider eng Majoritéit gehat. Hie wier elo einfach frou iwwer "e gudde Koalitounsaccord", an datt hien nees "aktiv" kéint hëllefen, sou de Claude Lamberty.

Detournement vu Suen am Hesper Gemengerot: Opklären, ouni de Mann ze spillen.

D'DP zu Hesper wëllt Abléck an den Audit iwwer d'Gemengefinanze kréien, sou de Claude Lamberty. Hie sëtzt fir d'DP an der Chamber an och am Hesper Gemengerot. Zu Hesper war en externen Audit gemaach ginn, nodeems am Summer opgeflu war, datt zwee Gemengebeamten iwwer 20 Joer Suen an déi eegen Täsch gestach haten. D'Majoritéit an d'Oppositioun missten dës Affär elo zesummen opklären. Personell Konsequenze fuerdert hien am Moment net. Et misst een awer dofir suergen, datt esou eppes an Zukunft net méi kéint virkommen. Parteipolitik dierft bei der Opklärung keng Roll spillen an et sollt een net "de Mann spillen".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Corinne Cahen
Transnationale Steierausgläich

Lëtzebuerg géif Infrastrukturprojeten an der Groussregioun ënnerstëtzen, déi all de Bierger zeguttkommen. Esou reagéiert d'Ministerin fir d'Groussregioun op d'Fuerderung vun engem finanziellen Ausgläich vum Metzer Buergermeeschter.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen