Eng Partei misst eng Diskussioun ewéi aktuell ëm d'Campagne "Madame on tour" kënnen aushalen. Dat géif d'LSAP och maachen, seet de Parteipresident Claude Haagen. Hie wier houfreg op d'Sträitkultur an der LSAP, plädéiert awer derfir Konflikter intern ze regelen. Dat wier an Zäite vun de Soziale Medien net esou einfach. Et wier awer net um Parteipresident, déi Campagne ze kritiséieren. Dës wier eng Initiative vum Bezierk Zentrum..
De President an den Image
De Claude Haagen weist de Virworf vu sech, dass d'Parteispëtzt kee Plang hätt fir de Parteiimage ze verdeedegen. Et wéist een nach ëmmer firwat d'LSAP giff stoen, notamment fir soziale Gerechtegkeet. An och den "A" am Numm wier nach ëmmer wichteg, dat als Ënnerscheed tëscht den "Aarbechter" an dem "Kapital". Den "A" wäert och am Numm vun der Partei bleiwen, esou de Claude Haagen.
Huet hie genuch Zäit fir seng Aufgaben als President z'erfëllen? De Cumul vum Mandat mat deem vum Deputé-Maire ugeet wier eng Saach vun Organisatioun, seet dozou de Claude Haagen. Et misst een awer och als Team fonctionnéieren. D'LSAP wier keng Ee-Mann-Organsatioun, mee wier d'Aarbecht vun engem Grupp.
De Claude Haagen wëllt 2017 iwwregens op en Neits zu Dikrech an d'Gemengewalen goen, als Kandidat op seng eege Successioun.
"Kritik ass erlaabt"
D'Catia Goncalves, di demissionär Presidentin vun de "Femmes socialistes" huet der Parteispëtzt de Virworf vu schlechter Zesummenaarbecht gemaach. "Mir schaffen awer gutt mateneen", äntwert de Claude Haagen.
Hie fënnt et wichteg, dass Ënnerorganisatiounen hier eege Meenung hunn, an domat d'Partei heiansdo "këddelen": anescht géifen di Organisatiounen net gebraucht ginn.
Och an der LSAP si Katholiken
De Gesetzprojet iwwer d'Kierchefabricken géif net duerchgeboxt ginn, seet de Claude Haagen. E géif op enger Konventioun tëschent Regierung a Bistum baséieren. D'Regierung an d'Chamber hätten driwwer diskutéiert. Et géif e Konsens ginn, datt de legale Kader, deen op d'Joer 1809 zréckgeet, misst geännert ginn.
De Sträit tëschent Bistum an dem Syndikat vun de Kierchefabricken (SYFEL) misst bannent der Kierch geléist ginn. Do hätt d'Politik sech net anzemëschen, esou de Claude Haagen.
Budgetsrapport bal fäerdeg
De Claude Haagen mécht di läscht Woch viru Chrëschtdag säi Rapport iwwert de Budget 2017. Thematesch wëll hie sech op d'Fro fokusséieren, wéi de Wuesstem verdeelt gëtt an ob e wierklech iwwerall ukënnt. De Budgetsprojet wier ëmmer nëmmen en previsionnelt Instrument, wat finalement ëmgesat gëtt, géif vu ville Facteuren ofhänken.
D'Steierreform géif effektiv Sue kaschten, mee an Zäite vu gudder Croissance hätt een d'Méiglechkeet esou eng Reform ze maachen.