arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CIMULACT: Visiounen iwwer Gesellschaft an Zukunft

Biergerbedeelegung

|
reading time

3 min

CIMULACT: Visiounen iwwer Gesellschaft an Zukunft

Iwwer partizipativ Consultatiounsprozesser kéint Meenungsbildung geschaaft ginn, seet de Gary Diderich vun der a.s.b.l. "4motion". Doduerch kéinte politesch Décisioune beaflosst ginn. E Beispill ass den aktuelle Projet "CIMULACT". Een anert sinn d’Biergerfore vun der Uni Lëtzebuerg am Virfeld vum Verfassungsreferendum.

reading time

3 min

D'a.s.b.l. "4motion" setzt sozial a solidaresch ausgeriichte Projeten ëmsetzt, zum Beispill fir ëffentlech Acteuren. Ee vun deene Projeten ass "CIMULACT", bei deem europawäit eng 1.000 Bierger iwwert d’Ausriichtung vun der Gesellschaft an der Fuerschung debattéieren. Zu Lëtzebuerg ass déi Initiative am September d’lescht Joer ugelaf.

Déi éischt Phase vum Projet wier e nationale Visiounen-Workshop gewiescht, erkläert de Gary Diederich vu "4motion". 40 Bierger hätten hir Virstellungen iwwert d’Zukunft ausgeschafft. “Bannent engem Dag war eng grouss Dynamik entstanen." An enger zweeter Phase wieren d’Resultater aus all Land zesummebruecht ginn. Elo géif et dorëm goen, Fuerschungszeenarien zu den Haaptthemen auszeschaffen. De 17. September wier een Echange mat Leit aus Fuerschungsinstituter a Ministèrë gewiescht an den Ament géif och eng Online-Consultatioun fir all d'Bierger lafen.

Weeër fir d'Zukunft

"CIMULACT" viséiert dem Gary Diderich no zwee Ziler. Engersäits géif et dorëm goen, Fuerschungsfroen ze definéieren. Op der anerer Säit wéilt een nei Methode vu Participatioun studéieren. An den Debaten hätt sech eng zentral Fro eraus kristalliséiert: "Wéi kënne mir Äntwerten op déi aktuell Problemer fannen a wéi kënne mir an Zukunft aner Weeër goen?" Déi Fro géif an alle Beräicher am Virdergrond stoen: An der Wirtschaft, Ëmwelt, Mobilitéit, Aarbecht, Ernährung, Gesondheet, Energie an am Krich.

Den Organisateur vun dëse Consultatioune gëtt zou, datt d’Leit déi matdiskutéiert hätten, net all sozial Schichte géife representéieren. Anescht wéi Meenungsfuerschungsinstituter hätt en d’Leit net kënne fir hir Participatioun bezuelen. Eng gewëssen Diversitéit hätt awer bestanen. Um europäesche Plang wier et awer anere Partner gelonge fir méi representativ Gruppen zesummenzestellen.

Meenungsfuerschung duerch Biergerconsultatiounen?

Zu Lëtzebuerg gouf rezent en ähnleche partizipativen Exercice gemaach. An zwee Biergerforen hu 60 Wieler iwwer d’Ausriichtung vun der Verfassungsreform debattéiert. D'Zil dovun ass et fir am klénge Krees d’Stëmmungen an d'Meenungen z'erfaasse fir duerno besser no baussen iwwert d’Verfassungsreform z'informéieren. D’Uni Lëtzebuerg organiséiert deen Echange an et ass geplangt, d’Konklusioune vun de Biergerforen ze publizéieren.

De Projet vun der Uni géif iwwer d'Sondagen an d'Ronndëschgespréicher eraus goen, bei deenen haaptsächlech Experten a Parteipolitiker schwätze géifen, fënnt de Gary Diderich. Mat esou enger Methodologie kéint een d'Meenunge vun de Bierger besser erfaassen. D'"Danish Board op Technology Foundation", dat hannert dem Projet "CIMULACT" steet, huet dem Gary Diderich no méi Erfahrung mat esou Biergerconsultatiounen. Déi hätte politesch Entscheedungen an Dänemark scho beaflosst. D’Politik kéint sech iwwer s'Biergerforen anescht op d’Stëmmungen zu politesche Sujete virbereeden a besser op d'Bierger agoen.

Esou eng Approche hätt beim Referendum iwwert d'Auslännerwalrecht kéinten hëllefen, mengt de Gary Diderich. Laang virum Referendum hätten d’Sondagen erginn, datt d’Wieler dem Auslännerwalrecht positiv géigeniwwer stéingen. Mat der Zäit hätt d’Meenung sech geännert an eng Dynamik wier un d’Rulle komm. "D'Politik war decaléiert dozou." Biergerconsultatiounen hätte kéinten erméiglechen, datt d'Politik dem Stëmmungswiessel besser nokomm wier.

Onofhängeg vum Projet "4motion" ass de Gary Diderich Gemengeconseiller fir déi Lénk zu Déifferdeng.