Christian Kmiothek vun déi gréng Nohaltegkeet an dräi Dimensiounen

Mat 10 Prozent vun de Wieler kéint een net d'ganz Welt bewegen, seet de Christian Kmiotek. An der Regierungsaarbecht géif een awer den Afloss vun déi gréng gesinn. Net just bei Ëmwelt-Sujeten. Als President vun der Theaterfederatioun ass de Christian Kmiotek zefridde mat der Aarbecht vum Xavier Bettel als Kulturminister a vum Staatssekretär Guy Arendt.

Mick Entringer / ys

Christian Kmiotek.JPG
"Mir si wäit ewech vun enger Ee-Punkt-Partei" - de Parteipresident vun déi Gréng Christian Kmiotek

"Fir déi gréng gëtt et beim TTIP just eng Linn, an dat ass d’Linn vum Koalitiounsaccord," seet de Co-President vun deene Gréngen. Fir de Christian Kmiotek géing dat heeschen, datt déi europäesch Standarden an de Beräicher Gesondheet, Ëmwelt an Aarbechtsschutz net zur Dispositioun géinge stoen. Ier déi gréng an der Regierung waren, ware si géint den transatlantesche Fräihandelsaccord tëscht den USA an der EU. Datt si als Regierungsmember fir Verhandlunge sinn, wär kee Widdersproch, mengt de Christian Kmiotek. Hie geet dervun aus, datt et souwisou wuel keen Accord iwwert den TTIP wäert ginn.

TTIP a CETA: Déi gréng DNA

"TTIP a CETA betreffen déi gréng DNA", seet de Co-President vun deene Gréngen. Do wär et dann och kee Wonner, datt déi jonk Gréng um leschte Parteikongress eng Resolutioun zum Thema abruecht hätten. E parteiinternen Aarbechtsgrupp géing deemnächst iwwert d’TTIP-Verhandlungen ufänke mat schaffen. déi gréng wären eng basisdemokratesch Partei, dofir kéint sech jidder Member an deen Aarbechtsgrupp mellen.

“Mir wëllen dat vum Emotionale lassgeléist diskutéieren. Mir wëllen och Fakte gewuer ginn, an dann zesummen eng gréng Positioun festleeën”.

D’Ängschten iwwert d’Verhandlunge wäre grouss, well alles an enger Dunkelkammer géing oflafen. De Christian Kmiotek mengt awer net, datt et u grénge Parlamentarier wär, fir déi geheim Dokumenter an d’Ëffentlechkeet ze bréngen. E Parlamentarier, deen an enger Regierungskoalitioun ass, hätt d’Méiglechkeet intern Afloss ze huelen, an zwar iwwert d’Regierungsmemberen.

De grénge Foussofdrock an der Koalitioun

"Mat 10 Prozent vun de Wieler kann een net déi ganz Welt bewegen." An den Diskussiounen iwwert d’Steierreform hätt een déi machbar Saachen ëmgesat kritt, esou de Co-President. Déi Gréng hätten net just am Ëmweltberäich Akzenter gesat, si wären och eng sozial Partei. Dofir wär een och zefridden iwwert sozialpolitesch Moossnamen, déi an der Steierreform dra wären.

Am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère géingen enorm Investissementer an den ëffentlechen Transport gemaach ginn. An "eisem" Ministär MDDI hätt een et mat engem Paradigmewiessel ze dinn. Wa fréier zwee Drëttel vun den Investissementer an d’Transportinfrastrukturen an d’Strooss gefloss wären, esou wär et elo ëmgedréint: Zwee Drëttel ginn an den ëffentlechen Transport, seet de Christian Kmiotek. "Mir si wäit ewech vun enger Ee-Punkt-Partei." Nohaltegkeet hätt puer Dimensiounen: Ekologesch, economesch a sozial.

Datt wichteg Dossieren am Justizberäich just lues viru kommen, huet dem Christian Kmiotek no mam Naturell vum grénge Justizminister ze dinn. Dem Félix Braz wär et wichteg, Léisungen am Konsens ze fannen. Dat hätt een och beim Nationalitéitegesetz gesinn. Nom Referendum wär et eng Meeschterleeschtung gewiescht, fir mat der gréisster Oppositiounspartei an och mat déi Lénk e Kompromëss ze fannen. "Wann ee Saachen am Konsens wëll maachen, dann dauere se och méi laang."

Kultur: méi Mëttel a méi Struktur

Et wär net un de Politiker fir sech an d’Inhalter anzemëschen. D’Kulturpolitik misst just Rahmebedingunge schafen, bannent deene sech déi Concernéiert fräi ausdrécke solle kënnen. Aktuell géinge just 0,87 Prozent vun den Depensë vum PIB an d’Kultur fléissen. Et misst ee rëm bei 1 Prozent kommen, sou de grénge Politiker.

Als President vun der Theaterfederatioun begréisst de Christian Kmiotek d’Initiativ vu der Stad Esch, datt d’Regioun vum Süden sech als Kulturhaaptstad wëll opstellen. Déi zwee lescht Joer als Kulturhaaptstad wär virun allem a Gebaier investéiert ginn. Elo wär et wichteg, fir an déi Kulturschaffend z'investéieren.

Ënnert der DP-Ministerin Maggy Nagel hätt d’Kultur 2,5 Jore verluer. "Et war net der Weisheit letzter Schluss, datt d’Conventiounen am Kulturberäich opgeléist gi waren." Aner Ministèren hätten och grouss Ännerunge virgeholl, mee si hätten dat vill méi an der Kontinuitéit gemaach.

Den neie Kulturminister a Premierminister Xavier Bettel ass ganz kulturinteresséiert, fënnt de grénge Parteipresident. Wat d’Alldaagsgeschäft ugeet, wär ee frou, de Staatssekretär am Kulturministère ze hunn. Op techneschen Themen hätt ee mam Guy Arendt en Uspriechpartner, mat deem een diskutéiere kéint.

Suerge mécht ee sech an der Kulturzeen iwwert déi nei Direktioun vum Ministère. Bis elo wär nach net gewosst, wien dem Bob Krieps säi Successeur géing ginn. Wat sinn d’Qualitéiten, déi een op deem Poste muss hunn? "Et muss een d’Kultur gär hunn a strukturéiert sinn," seet de Christian Kmiotek.

Hie begréisst, datt den 1. an 2. Juli d’Assises de la culture ofgehale wäert ginn. Et hätte sektoriell scho Virbereedungsreunioune ginn. De President vun der Theaterfederatioun erwaart sech dovun, datt all d’Acteuren aus dem kulturelle Secteur zesumme mat der Politik en Ausbléck ginn, wéi déi nächst fënnef bis zéng Joer Kultur sollen ausgeriicht ginn.​

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Kommentar
Etat de la Nation

Am État de la Nation 2016 gouf een net vill Neits gewuer, mä dat ass keng Iwwerraschung, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar

esch kultur streetfestival.jpg
Kandidatur fir 2022

D'Gemengen aus dem Süde vum Land wëllen Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ginn. Déi eng Gemenge si begeeschtert vum Projet, anerer manner. De Projet war um Freideg Thema am Escher an Diddelenger Gemengerot.

rer ttip.jpg
Wirtschaft

De Fräihandelsaccord, iwwert deen de Moment verhandelt gëtt, soll d'Regele vum Commerce tëscht der EU an den USA festleeën. An eiser Emissioun Riicht eraus goufe pro a contra diskutéiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen