CHNP: Sträit ëm Versetzung vu Fleegepersonal
D’Associatioun vum Personal am Ettelbrécker CHNP kritiséiert d’Decisioun vun der Direktioun fir Membere vum Fleegepersonal an aner Servicer ze versetzen. Déi Mesure hätt negativ Konsequenze fir d’Patienten, a wier weder mat der Personaldelegatioun nach mat de Concernéierten ofgeschwat ginn, heescht et an engem Communiqué.
D’Associatioun schwätzt vun 19 Mataarbechter, déi op den 1. Juli de Service musse wiesselen.
De Charel Jacoby, President vun der Personal-Associatioun:
De Generaldirekter vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique seet sengersäits, datt 15 Leit wiesselen, 2 oder 3 dovunner op eegen Demande. An engem Betrib mat 240 Mataarbechter wier dat een normale Virgank, sou de Marc Graas an eisem Mëttespanorama. But wier, d’Qualitéit vun der Fleeg ze verbesseren, an neie Wand a verschidde Servicer ze bréngen.
De Marc Graas: