Déconfinement Um Tram-Chantier gëtt nees geschafft

No enger laanger forcéierter Paus huet och de Chantier fir d'Verlängerung vun der Tram-Streck bis op d'Stater Gare gëschter erëm ugefaangen. Genee e Mount, nodeem all d'Chantieren am Land wéinst der Corona-Pandemie zougemaach gi waren, sinn d'Baggeren an d'Camione vun de Bau-Entreprise gëschter virun der Stater Gare erëm gerullt.

Serge Kesseler / cz

Tram-Chantier op der Stater Gare
Den Tram-Chantier op der Gare

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren


Mat reduzéiertem Personal hätt een op de Chantieren erëm ugefaangen, esou de Jean-Christophe Dujardin vun der Bauentreprise Karp-Kneip. Et hätt een nach en puer Absencen, mee generell wier ee frou, fir nees kënnen unzefänke mat Schaffen.

Et wier haart gewiescht, an de leschte Wochen ouni Beschäftegung mussen doheem ze bleiwen. "Hei kann een e bëssen e soziaalt Liewen erëmfannen. Mir hunn zwar Masken un, mee wéinstens kënne mir matenee schwätzen."

De Schutz vum Personal ass natierlech e grousst Theema och am Bausecteur. Luxtram weist sech generell "ganz zefridden", datt op de Chantieren erëm däerf geschafft ginn, wann och mat verschäerfte Schutzmoossnamen.

Nach wier awer net gewosst, ob de geplangten Datum vun Enn 2020 ze hale wier, fir d'Arrivée vum Tram op der Stater Gare. Et géif ee viru probéieren den ugepeilten Datum anzehalen. Ob een den Datum awer schlussendlech anhale kann, géif engersäits awer dovun ofhänken, wéi séier ee mat den Aarbechte géif virukommen. Et misst een och ofwaarden, ob et dëst Joer e Congé collectif géif ginn, a fir wéi eng Aarbechten een Derogatioune kéint kréien.

Eng definitiv Ausso dozou kéint een deemno elo nach net maachen, esou den Direkter fir déi nei Linne bei Luxtram.

Méi zum Thema

Nicolas Buck
Wirtschaft

De President vun der Union des Entreprises fuerdert weider net remboursabel Direkthëllefe fir d'Betriber. Besonnesch d'Handwierk, de Commerce, d'Restauratioun an den Tourismussecteur bräichten elo nei Hëllefen, esou den Nicolas Buck.

Coiffeurssalon.jpg
Indepentanten an der Kris

Och no der Annonce d'lescht Woch vun éischten Entschäerfungsmoossname vum Confinement bleiwen eng ganz Partie Betriber weider zou. Wat bedeit dat fir si? A wéi si si bis elo duerch d'Kris komm?

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen