Schonn um éischten Dag vun de Kompetitiounen zu Rio war d'Team Lëtzebuerg mat véier Leit am Asaz:
- Am Dëschtennis konnt déi 53-Joer al gebierteg Chinesin Ni Xia Lian sech an der éischter Ronn mat 4:3 géint d’Brasilianerin Caroline Kumahara duerchsetzen.
- Bei der Stroossecourse am Vëlo koum de Frank Schleck op déi 20. Plaz.
- Am Schwammen ass de Laurent Carnol zefridde mat senger Performance iwwer 100 Meter Brasse. Hien ass seng perséinlech Beschtzäit vum Joer geschwommen. Hie gouf als 27. vu 46 Schwëmmer, awer net fir d’Halleffinall qualifizéiert. A senger Spezialitéit, dem 200 Meter Brasse, geet hien en Dënschdeg un den Départ.
- De Raphaël Stacchiotti gouf beim 4-Nages den 23. vu 26 Schwëmmer.
Och ouni Medail e Grond fir ze feieren
"Als klengt Land ass et besonnesch wichteg, als Minister derbäi ze si fir déi d'Sportlerinnen a Sportler z'ënnerstëtzen", seet de Romain Schneider zu Rio. Den enke Kontakt, och mat de Membere vum COSL op der Plaz, wier iwwerdeems gutt fir ze kucken, wéi een sech an Zukunft nach besser op international Kompetitioune kéint virbereeden.
"Eng Medail zu Rio wier natierlech fantastesch", seet de Sportminister. Mee och ee Klassement ënnert den éischten zéng wier schonn e Grond ze feieren. Jo, Lëtzebuerg hätt Chancen, zum Beispill am Tennis, esou de Romain Schneider. Et wéisst een ni, wéi eng Course, ee Mätsch oder eng Kompetitioun géif verlafen. D’Lëtzebuerger Sportler kéimen och ëmmer méi no un d’Weltelite erun.
Dopping: "Keng schwaarz-wäiss Situatioun"
Déi extrem Sécherheetsmesuren zu Rio géif een natierlech bemierken, esou de Romain Schneider. Dat wier awer gutt esou, fir dass d’Sportler, hir Supporteren an d’Spectateuren sech sécher spieren.
D’Decisioun vum Internationalen Olympesche Komittee IOC, fir nom russeschen Dopping Skandal awer nach ronn zwee Drëttel vun de russesche Sportler zouzeloossen, kann de Romain Schneider novollzéien. Dat wier keng schwaarz-wäiss Situatioun, seet hien.
Allerdéngs misst an Zukunft weider iwwert den Dopping diskutéiert ginn, fir Léisungen ze fannen, esou nach de Romain Schneider. Lëtzebuerg hätt beim Thema Dopping am Sport ëmmer schonn eng Null-Toleranz Positioun vertrueden.