Chamber- a Gemengewahlen Chamberwahlen - wéini?

D'Chamberwahle misste schonn am Juni 2018 sinn, amplaz am Oktober, hat den CSV-Deputé Maire Laurent Zeimet am 100,7 Interview gefuerdert. Dëst fir ze verhënneren, datt d'Mandat vun de Gemengeréit géif gekierzt ginn. Fir d'Vertrieder vun de Majoritéitsparteien ass d'Kritik um geplangte Wahlgesetz reng parteipolitesch motivéiert.

Françoise Keller / cwi

Wahlbox
Foto: Bigstock

Am geplangte Gesetzprojet iwwer d'Ännerungen um Wahlgesetz proposéiert d'Regierung fir d'Chamberwahle vun elo un ëmmer am Oktober z’organiséieren, amplaz - wéi bis virun den Neiwahle vun 2013 üblech - am Juni. Dat géif awer bedeiten, datt all puer Joer Chamber- a Gemengewahlen op deen nämmlechten Datum géife falen. Fir dat ze verhënneren, sollen d’Gemengewahlen an deene Joren ëmmer ëm e puer Méint no vir geréckelt ginn, esou d’Propose. Eng éischte Kéier wier dat 2023 de Fall.

"Mir waren eis eens"

Dem CSV Député-Maire Laurent Zeimet no wier et besser d'Legislatur vun 2023 ze verkierzen - amplaz d'Mandat vun den zukünftege Gemengeréit. Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no, ass déi Fuerderung awer contraire zu deem, wat an der Institutiounskommissioun diskutéiert gi wier. Et wier schliisslech an Institutiounskommissiounen iwwer d'Datumer vun de Chamberwahlen diskutéiert ginn. Do wier och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler derbäi gewiescht. "Do ware mir eis viru laange Méint eens ginn, datt mir an deem Rythmus vum Oktober bleiwen, wat d'Chamberwahlen ugeet. Dat war de generelle Konsens mat der CSV." Dofir ass den Alex Bodry iwwerrascht, iwwer d'Kritik vum Laurent Zeimet an de Revirement, dee sech bei der CSV géif ukënnegen. "Ech froe mech, ob do déi lénks Hand weess, wat déi Riets mécht."

D'Mandat vun der Regierung ass duerch d'Verfassung op fënnef Joer festgeluecht a kéint deemno net, wéi d’CSV fuerdert, verkierzt ginn. Och déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter verweist dorop, datt ee sech iwwer den Hierscht Rendez-Vous eens war. Dem Laurent Zeimet seng Ausso ass an hiren Aen op eng "parteipolitesch Kreativitéit" zréckzeféieren.

Mandat reduzéieren

Dem lénken Deputéierte Marc Baum no géif awer och d’Propose vun der Regierung den zäitleche Problem vun de Gemengen- a Chamberswahlen net léisen. déi Lénk hätte proposéiert fir d'Mandat vun de Gemengewahle vu sechs op fënnef Joer ze reduzéieren. Dat wier méi demokratesch a méi Leit hätten d'Méiglechkeet, hir Gemengeféierung wielen ze goen. "Et géif een all deene Problemer aus de Féiss goen, datt Gemengen- a Parlamentswahle géife matenee kollidéieren."

De Marc Baum seet, hie wéilt dës Propose demnächst an der Institutiounskommissioun thematiséieren. De Gesetzprojet iwwer d'Ännerung am Wahlgesetz ass nach net deponéiert.

Méi zum Thema

Laurent Zeimet Riicht Eraus
Gemengen- a Chamberwahlen

​De Laurent Zeimet schléisst net aus eng Kéier Minister ze ginn. Den CSV-Politiker seet, et sollt een ni "ni" soen. Am Moment ass hien Député-Maire an hie wéilt dat no de Gemengewahle bleiwen.

Serge Wilmes Exklusiv
Gemengewalen

De Serge Wilmes ass potentiellen CSV-Spëtzekandidat bei de Gemengewahlen 2017 an der Stad. D'Vivianne Loschetter vun déi Gréng wëll net méi kandidéieren. A sech op déi national Politik konzentréieren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen