"C'est bizarre de ne pas connaître des Luxembourgeois..."
Bal 40.000 Fransouse liewen zu Lëtzebuerg - déi zweetgréisst auslännesch Communautéit am Land. An der Haaptstad hunn si d’Portugisen als stäerksten auslänneschen Awunner-Grupp iwwerholl. Ee vun hinnen ass och de Paul Chatelet (Numm vun der Redaktioun geännert). Hie kënnt aus Südfrankräich, ass Universitär a schafft am medezinesche Beräich. D’Mick Entringer huet sech mat him ënnerhalen. Iwwert seng Erfahrungen als Auslänner zu Lëtzebuerg, iwwert Sprooch an iwwert d’Auslännerwalrecht:
Fir déi europäesch Institutiounen zu Lëtzebuerg schaffen 10.000 Persounen. Heefeg bréngen si eng Famill mat. Dat ass och de Fall fir de Katalan Sergi Solanas, dee virun zwee Joer mat senger italienescher Fra vu Barcelona op Lëtzebuerg komm ass, nodeems si eng Aarbecht als Iwwersetzerin bei der europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg krut. Fir d’Famill ass et immens wichteg perséinlech Lien’en mat der lëtzebuergescher Populatioun op ze bauen; wat sech als net einfach erausstellt. Si hu ganz bewosst déi ëffentlech lëtzebuerger Schoul als Integratiounswee gewielt. D’Mick Entringer huet sech mam Economist an aktuellen Hausmann ënnerhalen:
Am éischten Deel vun der Dossier-Serie koumen d'Portugisin Sandra Cavaco an d'Brasilianerin Isabelle Pereira zu Wuert. Am zweeten Deel goung et ëm d'Begrenzung vun de Ministermandater.