CES: Changementer bei der TVA-Logement kontraproduktiv an zum falsche Moment
Am Wirtschafts- a Sozialrot gouf den Avis iwwert déi geplangte Changementer am Beräich TVA Logement ugeholl. Déi 31 Vertrieder vum Patronat a vun de Gewerkschaften hu gëschter gemeinsam fir dësen Avis gestëmmt. Déi dräi Vertrieder vun der Regierung waren dogéint.
Am Avis geet et ëm d’Pläng vun der Regierung fir de super-reduzéierten TVA-Taux vun 3 Prozent um Logement locatif ofzeschafen. De Conseil économique et social kritiséiert, datt d’Regierung de positiven Impakt vun dëser Mesure op de Budget op 60 Milliounen Euro chiffréiert ouni d’Repercussiounen op de Budget vun de Menagen ze moossen.
De President vum CES Gary Kneip schwätzt vun engem ganz ongënschtegen Zäitpunkt fir dës kontraproduktiv Mesure. Et géif chronesch u Wunnenge fehlen. Néideg wiere 6.000 nei Wunnenge pro Joer. Et géifen der awer maximal knapp 2.800 gebaut ginn.
Explikatioune vum President vum Wirtschafts- a Sozialrot, Gary Kneip um Mikro vum Serge Kesseler: