Landtagswahlen RLP a BaWü CDU verléiert, Ampel gewënnt - Ausbléck Wahljoer 2021

Bei de Landtagswalen a Rheinland-Pfalz an a Baden-Württemberg huet déi däitsch CDU historesch Néierlage kasséiert. Déi grouss Iwwerraschunge sinn awer ausbliwwen. A Rheinland-Pfalz huet d'SPD sech als stäerkste Kraaft behaapt, a Baden-Württemberg dierften déi Gréng och fir eng drëtte Kéier hannerteneen de Regierungschef stellen. Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch / cz

Der Spitzenkandidat der CDU, Christian Baldauf
De Spitzenkandidat der CDU, Christian Baldauf no enger historescher Walnéierlag fir d'CDU (Foto: picture alliance-dpa | Andreas Arnold)

Déi zwou Landtagswale vu gëschter sinn also fir déi konservativ CDU zu deem Debakel ginn, dee gefaart gi war. Wéinst de Korruptiounsaffären am Bundestag, mee och wéinst der schwaacher Regierungsaarbecht zu Berlin a Saache Corona-Impfungen huet d'Partei an de leschte Wochen de Buedem ënnert de Féiss verluer - d'Resultater a Rheinland-Pfalz an a Baden-Württemberg confirméieren deen Trend.

Ronn 26 Prozent vun de Stemmen an der Pfalz, nëmmen knapps 23 Prozent a Baden-Württemberg - zwee historesch schlecht Walresultater fir déi gréisst Partei am Land. Virun allem kommen a béide Bundeslänner elo Koalitiounen ouni eng Bedeelegung vun der CDU op eng Majoritéit - et kéint e Virgeschmaach sinn fir dat, wat bei der Bundestagswahl am Hierscht op d'Unioun duerkënnt.

SPD an déi Gréng si Walgewënner

Elo awer mol zu de Gewënner: D'SPD em d'Ministerpresidentin Malu Dreyer hu sech am Verglach zu 2016 stabil op knapps 36 Prozent vun de Wielerstëmme gehalen - d'Ampelkoalitioun aus Sozialdemokraten, Gréngen a Liberalen hätt elo eng stabil Majoritéit. Wann d'Walresultat amtlech ass, kéint et, wann och knapps, souguer fir eng Rout-Gréng Koalitioun duergoen.

Och am Südweste vum Land huet d'Regierungspartei sech duerchgesat: déi Gréng ëm de Winfried Kretschmann hu sech op 32 Prozent vun de Stëmme verbessert an ass elo däitlech déi stäerkste Fraktioun. Och a Baden-Württemberg hätt d'Ampelkoalitioun eng Majoritéit - déi gréng Walgewënner hunn also d'Wiel, mat wiem se eng Regierung wëlle bilden.

Et ginn nees Majoritéiten ouni d'CDU

Nieft der CDU ass awer och d'AfD grousse Verléierer vun de Landtagswalen. No Verloschter vun 4 respektiv 5 Prozent vun de Stëmme bleiwen d'Rietspopulisten zwar a béide Parlamenter vertrueden - se kruten awer d'Rechnung fir e Pandemie-Joer, an deem se op kengem politeschen Niveau iergendwéi konnten an Erscheinung trieden - an domat hir feelend inhaltlech Proposen oppe geluecht goufen.

Déi éischt grouss Walnuecht 2021 weist also, wou et an Däitschland am Hibléck op d'Bundestagswal am Hierscht kann higoen: et ginn nees Majoritéiten ouni d'CDU.

Méi zum Thema

Armin Laschet
Däitschland

Zwou Landtagswale stinn an Däitschland um kommende Weekend un. No de rezente Skandaler an der CDU stinn déi Konservativ besonnesch am Fokus. Fir den neie Parteichef Armin Laschet kéinten déi Wale richtungsweisend ginn.

Georg Nüßlein und Nikolas Löbel
Däitschland

Zwee Uniounspolitiker hu sech an der Kris beräichert. D'Parteispëtzt fuerdert hire Récktrett, déi zwee Politiker wollten hir Mandater awer behalen. Dat huet, alt nees, monetär Grënn. Ee vun deenen Zwee ass mëttlerweil zeréckgetrueden.

Armin Laschet
Däitschland

Den Armin Laschet ass zanter dem leschte Weekend neien CDU-Chef. Am Waljoer 2021 stelle sech eng Rei Froen: wéi wäert hie se beäntwerten? A kritt hie säi Stempel opgedréckt?

De Friedrich Merz, den Norbert Röttgen an den Armin Laschet
Parteidag

Dëse Weekend wielt d'CDU en neie Chef an domadder och potentiell e Kanzlerkandidat fir d'Bundestagswal. Eng richtungsweisend Wal, wéi d'CDU sech no der Ära wëllt festleeën, mengt de Max Tholl.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen