Cargolux : Interessenskonflikt mam Rapport vum Informateur Robert Schaus?
D’Regierung huet sech fir den Deal mat HNCA op e Rapport vum Cargolux-Informateur Robert Schaus baséiert, dee méiglecherweis vun Ufank un net kredibel war. Dee Virworf kënnt vun den zwee Cargolux-Direktiounsmemberen, déi rezent demissionéiert hunn. An zwee Bréiwer, déi eis virleien, hu si Mëtt Dezember geschriwwen, de Robert Schaus hätt wëlle CEO vun der Cargolux ginn. Dat hätt de Verwaltungsrot-President Paul Helminger selwer zouginn, nach ier de Robert Schaus den dräi Parteien DP, LSAP an déi Gréng säi Rapport iwwer déi méiglech Transaktioun mat HNCA ofginn huet. Och wier de Robert Schaus vun Ufank u fir d’Transaktioun mam chineseschen Investisseur gewiescht. Déi nei Regierung huet sech op dee Rapport baséiert, fir gréng Lut ze ginn. Bis Enn Mäerz soll HNCA 35 Prozent vun der Cargolux iwwerhuelen.
Méi dozou am Owespanorama: (no der 4. Minutt)
audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/1/10/246269_owes-panorama.mp3"][/audio]
DEN DETAIL AM TEXT:
De Paul Helminger soll am November viru Leit gesot hunn, de Robert Schaus wier e Spëtze-Kandidat fir neie Generaldirekter vun der Cargolux ze ginn. Fir de Peter Van de Pas gesäit dat no engem däitlechen Interessenskonflikt aus, well de Robert Schaus eigentlech vun den dräi Koalitiounsparteien DP, LSAP an Déi gréng gefrot gi war, en neutrale Rapport iwwer déi méiglech Transaktioun mat HNCA ze maachen, de chineseschen Investisseur dee 35 Prozent vun der Cargolux iwwerhuele wëll.
De Robert Schaus huet dee Rapport Enn November ofgeliwwert. Virdru soll de Paul Helminger de Mann schonn als méiglechen neie Generaldirekter vun der Cargolux an d’Gespréich bruecht hunn. Den zweete Bréif, dee vum Robert Van de Weg, confirméiert déi Versioun: hie wier iwwerrascht gewiescht, wéi de Paul Helminger him gesot hätt, datt de Robert Schaus Kandidat wier fir CEO ze ginn, nach ier dee säi Rapport ofgeliwwert huet. De Peter van de Pas fäert esou guer, datt de Rapport vum Robert Schaus just en Trick war, fir vun Ufank un ze garantéieren, datt den HNCA-Deal géif gréng Lut kréien. De Robert van de Weg stellt an deem Sënn och fest, datt de Robert Schaus just zwee Deeg nom Ufank vu senger Missioun scho vun engem Deal mat HNCA iwwerzeegt war.
e Robert Schaus a säi Rapport un déi dräi Parteien ass awer bei wäitem net dat Eenzegt, wat an den zwee Bréiwer a Fro gestallt gëtt. Allenzwee kritiséiere se de Paul Helminger, deen d’Generaldirektioun an de leschte Méint net mat agebonnen an demotivéiert hätt. Et ass bekannt, datt just den Interim-CEO Richard Forson vum Paul Helminger mat an d’Boot geholl gouf. De Peter Van de Pas geheit dem Forson awer fir, keen Team-Player a kee Leader ze sinn. Donieft gëtt d’Gouvernance an der Cargolux kritiséiert. Bis op eng Ausnam hätt am Verwaltungsrot keen Ahnung vum Cargo-Business, an et hätt och keen de Wëlle gewise, sech an d’Matière eran ze schaffen. Par konter géif et dono ausgesi, wéi wann de Verwaltungsrot kee Vertrauen an d’Generaldirektioun hätt. Dofir huet de Peter van de Pas dem Paul Helminger schonn den 13. Dezember matgedeelt, datt hien dowéinst kuerzfristeg demissionéiere kéint. De Verwaltungsrot wéi och d’Regierung wëssen also schonn zënter Mëtt Dezember, datt Démissiounen am Management ustinn.
WEIDER DETAILLER AUS EISEM METTESPANORAMA:
De Paul Helminger kritt virgeheit, d’Generaldirektioun demotivéiert an net mat agebonnen ze hunn. De Paul Helminger, dee kloer net frou gewiescht wier iwwer den Départ aus dem Aktionariat vu Qatar Airways, grad dee Paul Helminger wier komescherweis vum fréiere Minister Wiseler als President vum Verwaltungsrot désignéiert ginn. Eng onglécklech Décisioun, esou de Robert Van de Weg a sengem Bréif am Dezember.
Fir de Qatar Airways-Debakel mécht de fréieren Direktiounsmember iwweregens net nëmmen de Luc Frieden responsabel. Deen hätt an der Effentlechkeet zwar am Meeschte Streech kritt, mä dat géif onfair schéngen. De Minister Wiseler hätt de ganzen Zäit gewosst, wat géif viru sech goen, wier vum Management gebriefed ginn ier de Luc Frieden op Doha gereest ass, an e wier egal wéi responsabel fir d’Entwécklung vun der gescheiterter Partnerschaft.
Am Bréif steet weider, nom Départ vu Qatar Airways wier d’Agenda séier kloer gewiescht. Mat Ausnam vun HNCA wieren déi aner Interessenten net eescht geholl ginn: am Abrëll d’lescht Joer schonn hätt de Paul Helminger während enger Visite zu Zhengzhou gemaach, wéi wann d’Flich vun der Cargolux an d’Provenz Henan acquis wieren.
Den zoustännegen Infrastrukturminister François Bausch wollt de Bréif op Nofro hin net kommentéieren.