Cargolux-Direktioun ënner Drock

De Budget vun der Cargogesellschaft fir 2015 ass nach ëmmer net vun den Aktionäre validéiert ginn – ënner anerem well Detailer feelen. D'Verhandlunge mat de Gewerkschafte fir en neie Kollektivvertrag kommen net vum Fleck an d'Pläng fir Fligeren a Pilote bei Cargolux Italia auszelagere sinn ëmstridden.

Den 23. Februar gëtt am Verwaltungsrot en neien Ulaf geholl – an et versprécht spannend ze ginn. D’Aktionäre Luxair, HNCA, Spuerkeess, Staat an SNCI sinn onzefridde mat deem, wat se déi lescht Méint vun der Generaldirektioun virgeluecht kruten.

De Budget fir 2015 ass ee kritesche Punkt. Kritik gëtt et och, well d'Generaldirektioun et nach net fäerdeg bruecht huet mat de Gewerkschaften en Accord ze fanne fir en neie, méi bëllege Kollektivvertrag. Donieft sinn d’Pläng ëmstridde fir bis zu fënnef Fligere bei Cargolux Italia auszelageren. De Management argumentéiert doduerch kéinte Personalkäschte gespuert ginn. Anerer konteren, datt d’Duechtergesellschaft bis op ee Joer ëmmer defizitär war. Anerer zweiwelen un de Simulatioune vum Generaldirekter Dirk Reich an dem Finanzdirekter Richard Forson.

D’Grënne vun enger neier Fluchgesellschaft a China ass iwwerdeems nach net an dréchenen Dicher : et gëtt nach en Aktionär gesicht fir 24 Prozent z’iwwerhuelen. D’Cargolux dierf de chinesesche Gesellschaftsreegelen no net méi wéi 25 Prozent iwwerhuelen an d’chinesesch Aktionäre mussen am Ganzen 51 Prozent kréien. Bleiwe 24 Prozent. Lëtzebuerg kann e Lëtzebuerger oder europäeschen Investisseur proposéieren, bis elo ouni Succès. Eng Fro an de Verhandlungen ass och nach, ob d’Cargolux mat hire 25 Prozent e Vetorecht am Verwaltungsrot kritt.

Dem externe Consultant Roland Berger no, kéint déi nei Joint Venture a China fréistens am Joer 2023 rentabel ginn. Bis dohi wier se op Subsiden an Héicht vun 800 Milliounen US-Dollar ugewisen.

Et geet och Rieds vun zousätzlechen Joint Venturen an der Provënz Henan : fir d’Maintenance vu Fligeren, fir frësch Lëtzebuerger Iesswueren a China ze verkafen a fir de Camionstransport ronderëm Zhenghzou. Wallenborn Transports vu Mënsbech ass eisen Informatiounen no un Aktivitéiten a China interesséiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen