"Cannabis Bündnis" wëll d'nächst Joer Debat ausbreeden
D’Cannabis Bündnis wëll am neie Joer probéieren, d’Diskussioun iwwert eng Legaliséierung vum Cannabis (besonnesch fir medizinesch Zwecker) nach méi auszebreeden. Donieft wëll d’Cannabis Bündnis, eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP, d’CSV an d'ADR all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren.
D’Diskussioun wier zu Lëtzebuerg an engem Déifschlof gewiescht an et hätt een di Diskussioun rëm opliewe gelooss, esou de Michael Agostini vun de jonken Demokraten an de Jean-François Delaporte vun de jonke Lénken haut.
Bei der aktueller Regierung géing awer och kloer u Limite stoussen. De Justizminister Felix Braz hat jo annoncéiert, datt en zwar net géint eng Legaliséierung wier, eng Legaliséierung awer kloer net am Koalitiounsvertrag steet.
De Bäitrag vum David Winter: