Campagne "Wéi geet et? FGFC informéiert d'Beamten iwwer de Sujet mental Gesondheet

Mat der neier Campagne "Wéi geet et" wëllt d'Gemengebeamtegewerkschaft FGFC an de psychosozialen Service vun der Fonction publique iwwer déi mental Gesondheet sensibiliséieren, dat haaptsächlech mat Videoen, erkläert de Benoît Billo.

Carole Schimmer / cbi

Benoit Billo
De Benoit Billo vun der FGFC

De Benoit Billo (FGFC) iwwer d'Campagne "Wéi geet et?"


D'Konzept vun der Campagne baséiert op aacht verschidden Thematiken, déi reegelméisseg opkommen, preziséiert de Benoît Billo vun der FGFC. D'Konflikter, de Stress, d'Angscht, de Mobbing, d'Depressioun, d'Suergen ëm ee Kolleeg, d'Aarbechtsiwwerlaaschtung an den Alkohol an d'Suchtverhalen.

"Et sinn aacht Theemen, déi an eiser Aarbecht als Gewerkschaft dacks erëmkommen, an et heescht eng adequat Äntwert op déi Problematiken ze ginn."

Mental Gesondheet nach ëmmer Tabuthema

D'Campagne wier aus der Iwwerleeung eraus entstanen, datt ee sech ënner Kolleegen all Dag d'Fro stellt: Wéi geet et, ouni awer reell drop anzegoen:

"Mir äntweren automatesch, ouni eis awer reell dofir ze interesséieren. Ech mengen awer, datt déi Theemen nach ëmmer tabu bleiwen, well et Sujete sinn, déi d'Leit concernéieren an iwwer déi et schwiereg ass ze schwätzen, d'Leit hunn Angscht driwwer ze diskutéieren. Et war deemno wichteg de Leit op Basis vu Videoen ze weisen, datt een déi Problemer ugeet an datt et Léisunge ginn."

Psychologe beliichten déi Thematiken a Videoen

An deene verschiddene Videoe ginn d'Psychologe konkret Äntwerten op déi Froen, déi ee sech vläicht stellt. Déi fiktiv Gespréicher mat de Psychologen ginn et an e puer Sproochen. Et kann een och de Service direkt contactéiere fir een Treffen ze organiséieren.

Et wier d'Roll vun enger Gewerkschaft Leit, déi leiden, mam psychosoziale Service a Verbindung ze setzen. Et misst een de Sujet dedramatiséieren an d'Tabuen ofbauen. A wann een anonym wëllt bleiwen, da kann ee ganz einfach déi Videoe kucken, ouni datt d'Hierarchie eppes driwwer gewuer gëtt, argumentéiert d'FGFC.

Méi zum Thema

Claire Russon
Corona-Pandemie

Déi psychologesch Belaaschtung vun der Pandemie géif sech bei jonke Leit op ënnerschiddlech Manéiere weisen, seet d'Claire Russon. Wéi d'Schoulen domat ëmginn, hätt ganz vill mat der Kultur vun den eenzele Gebaier ze dinn.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen