"Bréissel ass net Lëtzebuerg" : Kommentar iwwer d'Juncker-Nominatioun
D’Europaparlament soll de 16. Juli iwwer d’Nominatioun vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident ofstëmmen. Bis elo huet den Éierestaatsminister sech an der Ëffentlechkeet net iwwert seng Designatioun um EU-Sommet geäussert. “Vläit grad sou gutt” : E Kommentar vum Jean-Claude Franck am Moies-Panorama vum 2. Juli.
De Kommentar fir nozelauschteren :
De Kommentar fir nozeliesen :
De 27. Oktober 2009 huet de Jean-Claude Juncker schonn eng Kéier erlieft, datt et heiansdo besser ass, de Mond ze halen. An engem Interview mat Le Monde hat de Premier vun deemools gesot, wann hie géif gefrot gi fir EU-President ze ginn, hätt hie kee Grond ze refuséieren. Déi franséisch Zeitung huet e groussen Titel doraus gemaach, d’Noriichtenagencen hu gemellt de Jean-Claude Juncker wier Kandidat, wat de Lëtzebuerger dunn nees probéiert huet ze dementéieren... le mal était fait.
En Zuch dee rullt, soll een net ophalen, dierft den Nach-CSV-Fraktiounschef sech dofir des Kéier soen. Well gewonnen ass um europäesche Parquet nach näischt : et ass net wéi zu Lëtzebuerg, wou de Jean-Claude Juncker den Szenario dacks alleng a wäit am Viraus geschriwwen huet.
Woubäi den designéierte Kommissiounspresident sech muss bewosst sinn, datt d’Wiel am Oktober vun der neier EU-Kommissioun net d’Arrivée ass, mä eréischt den Ufank vun enger neier an haarder Etapp. Fir op Basis vun de ville Revendicatioune vun den 28 EU-Memberlänner eng Equipe an e Programm zesummen ze setzen, dierft de Jean-Claude Juncker dat néidegt politescht Fangerspëtzegefill hunn. Als Vermëttler tëscht verschiddene Stréimunge war hien ëmmer gutt.
Wat awer fir de Lëtzebuerger eng richteg Erausfuerderung gëtt, ass d’Geréiere vu senger neier Equipe : de 27 Commissairen, awer och dem ganze Staff ronderëm. Dat gëtt e méi komplexen a groussen Apparat : fir een, deen et gewinnt war, déi wichteg Aarbecht just sech selwer an e puer treie Beamten unzevertrauen, gëtt d’EU-Kommissioun eng Ëmstellung. An och d’Kommunikatioun kritt den designéierte Kommissiounspresident net méi alleng assuréiert : scho während der Geheimdéngscht-Affaire huet de Jean-Claude Juncker ze spiere kritt, datt et an dësen Zäiten net méi duer geet, datt de Manitou eng grouss Pressekonferenz organiséiert, fir d’Situatioun nees an de Grëff ze kréien.
Ass dat bis realiséiert, bleiwe maximal fënnef Joer fir europäesch Politik ze maachen, an engem rauen Ëmfeld, an deem och Lëtzebuerg keng Extra-Wurschten ze gutt huet. Blo-Rout-Gréng an och d’CSV hu sech doriwwer awer nach net all ze vill Gedanke gemaach : si si just frou, wa se sech net méi mam Jean-Claude Juncker ausernee setze mussen. Wann alles riicht leeft, fänkt deemno sou oder sou fir Lëtzebuerg en neit Kapitel un.