Corona-Pandemie Booster-Impfunge fir jiddwereen iwwer 18 Joer

Leit, déi viru méi laangem geimpft goufen, sollen eng Booster-Impfung kréie kënnen. Dat huet de Xavier Bettel haut virun der Press annoncéiert.

Claude Biver / Chris Zeien

D'Paulette Lenert an de Xavier Bettel
D'Paulette Lenert an de Xavier Bettel. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Concernéiert ass jiddwereen iwwer 18 Joer. Fir Leit, déi mat AstraZeneca oder mat engem mRNA-Vaccin (Moderna oder BioNTech/Pfizer) geimpft goufen, kann ee fréistens sechs Méint no der zweeter Impfung ee Rappell maachen. Leit, déi mam Impfstoff vun Johnson&Johnson geimpft goufen, sollen no engem Mount ee Rappell kréie kënnen.

D'Immunitéit wier no enger sougenannter Boosterimpfung besser, dat géife vill Etüdë mëttlerweil beweisen, sou d'Paulette Lenert. 42 Prozent vun de Leit, déi mam Imfpstoff vun Johnson and Johnson geimpft gi sinn, hätte bis elo d'Offer vun enger Boosterimpfung ugeholl.

Impftaux stagnéiert

No der Annonce, datt de CovidCheck och op der Aarbecht agefouert ka ginn, wier d'Zuel vun den Impfungen zwar e bëssen an d'Luucht gaangen, esou de Constat vum Premier. Duerno wieren d'Éischtimpfungen awer net méi vill an d'Luucht gaangen.

Aktuell sinn 81,4 Prozent vun de Leit iwwer 12 eemol geimpft, 76,6 Prozent si komplett geimpft. "Mir sinn nach wäit ewech Tauxe vun anere Länner", esou de Xavier Bettel.

Et wéilt ee weider weder eng generaliséiert Impfflicht, nach eng Impfflicht a verschiddene Secteuren aféieren. Et géif een elo iwwer weider Stellschrauwe probéieren den Impftaux eropzeschrauwen, an der Hoffnung, "datt dat duergeet", sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

Impfen an der Apdikt

Fir de Leit d'Impfung esou einfach wéi méiglech ze maachen, soll et an Zukunft méiglech sinn, och an der Apdikt geimpft ze ginn. Ausserdeem soll an der Stad an der Groussgas ee weideren Impfzenter opgoen, dat direkt beim Testzenter an der Groussgaass.

Weider huet de Staatsminister haut annoncéiert, datt een an der Woch vum 6. Dezember eng Impfwoch wëllt organiséieren. Hei solle mobil Impfekippen a Shoppingzenteren, grad ewéi an d'Gemengen oder bei gréisser Evenementer goen, fir do eng Impfung unzebidden.

Aktuell géif ee keng exponentiell Hausse un Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg feststellen - contrairement zu deem, wat am Ausland geschitt. Och d'Zuel vun de Patienten am Spidol wier den Ament nach stabel, dofir wéilt ee keng nei Mesuren imposéieren. Dat aktuellt Covid-Gesetz leeft also normal weider - sollt sech d'Situatioun awer verschäerfen, wier d'Regierung bereet méi Mesuren ze ergräifen, esou de Xavier Bettel.


Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen